Dësen Artikel beschäftegt sech mat den däitsche Keeser Karel V.. Fir de franséische Kinnek, kuckt wgl. Charles V. vu Frankräich.
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den 23. August1556 huet en zu Gonschte vu sengem Jong Felipe op de spueneschen Troun, op d'Spuenesch Nidderlanden, op d'Franche-Comté, op de Besëtz vun den Habsburger an Italien an op d'Kolonië vu Spuenien (besonnesch a Mëttel- a Südamerika) verzicht, an zu Gonschte vu sengem Brudder Ferdinand op de Besëtz vum Haus Habsburg a Mëtteleuropa an op d'Keeserkroun.
Doduerch, datt d'Spuenier sech zu där Zäit an Amerika, an Nordafrika an och scho plazeweis an Asie breetgemaach haten, konnt ee soen, datt de Karel V. e Räich beherrscht huet, "an deem d'Sonn ni ënnergaangen ass".
Stammbam vum Karel V.
┌──> Friedrich III. (HRR) (1415–1493),
│ Réimesch-däitsche Keeser (1452–1493)
│
┌──> Maximilian I. (1459–1519),
│ Réimesch-däitsche Keeser (1493–1519)
│ │
│ └──> Eleonore Helena vu Portugal (1434–1467),
│ Infantin vu Portugal
│
┌──> Philipp de Schéinen (1478–1506),
│ Äerzherzog vun Éisträich, Kinnek vu Kastilien a León (1504–1506)
│ │
│ │ ┌──> Karel de Kéngen (1433–1477),
│ │ │ Herzog vu Burgund (1467–1477), Pfalzgrof vu Burgund (1467–1477)
│ │ │
│ └──> Maria vu Burgund (1457–1482)
│ | Herzogin vu Burgund (1477–1482), Pfalzgräfin vu Burgund (1477–1482)
│ │
│ └──> Isabella vu Bourbon (1437–1465)
│ …
│
Karel V. (1500–1558), Réimesch-däitsche Keeser (1519–1556), Herzog vu Lëtzebuerg (1500-1555)
│
│ ┌──> Jang II. (1397–1479),
│ │ Kinnek vun Aragón (1458–1479), Kinnek vun Navarra (1425–1441)
│ │
│ ┌──> Ferdinand II. (Aragón). (1452–1516), Ferdinand de Kathouleschen
│ │ Kinnek vun Aragón (1479–1516), Kinnek vu Kastilien a León (1474–1504)
│ │ │
│ │ └──> Juana Enríquez (1425–1468)
│ │ …
│ │
└──> Johanna déi Geckeg (1479–1555),
Titularkinnigin vu Kastilien a León (1504–1555), vun der Trounfolleg ausgeschloss
│
│ ┌──> Jang II. (1405–1454),
│ │ Kinnek vu Kastilien a León (1406–1454)
│ │
└──> Isabella I. (1451–1504), Isabella déi Kathoulesch
Kinnigin vu Kastilien a León (1474–1504)
│
└──> Isabella von Portugal (1428–1496)
Infantin vu Portugal
De Karel V. a Lëtzebuerg
Als Herzog vu Lëtzebuerg housch hie Karel III[1]. Hien huet d'Strooss Bréissel-Namouer-Lëtzebuerg baue gelooss. En huet verbueden, Schnaps aus Fruucht ze maachen. Des Weideren huet en dekretéiert, datt jiddwereen dee géif Wucher dreiwen, aus dem Land gehäit géif a säi Besëtz confisquéiert kréich. Wie Faillite géing, sollt als Déif behandelt ginn, a Wiertshaiser däerften net baussent den Uertschaften opgemaach ginn.[2]
Hien huet ausserdeem de Riichter a Schäffe verbueden, alkoholiséiert opzetrieden, soss géife se hir Plaz verléieren. Op eng Hochzäit däerften net méi wéi 20 Leit aus der nächster Famill invitéiert ginn, an d'Feier däerft net méi laang wéi bis den zweeten Dag nom Mëttegiessen daueren, dees et géif 20 Carolusgulde kaschten.
Fir géint d'Deierecht vun de Liewesmëttel unzegoen, huet hien an alle Stied d'Präisser vu Beamte festleeë gelooss.