Am Géigenzuch erreecht Spuenien, datt Frankräich ophält, Portugal virun z'ënnerstëtzen. De Charles IV. vu Loutrengen, de Spuenier hiren Alliéierten, kritt seng Lännereien zeréck (bis op de Barrois).
Den Traité vun de Pyrenäen ass de leschten diplomateschen Akt, dee vum Mazarin ausgeschafft gi war. De Louis XIV. profitéiert domat vun enger bemierkenswäerter Stabilitéit a vun engem diplomatesche Virdeel. Frankräich gëtt eng europäesch Groussmuecht, an d'Bourbone kréien d'Iwwerhand iwwer d'Habsburger.
Fir Lëtzebuerg war d'Folleg, datt déi Gebidder vum deemolegen Herzogtum, déi südlech vun der haiteger Grenz mat Frankräich louchen, wéi Diddenuewen, Montmédy, Damvillers, Roudemaacher, Vogtei Yvoi, Chauvency-le-Château, Avioth a Marville mat alles wat derzougehéiert huet, definitiv ofgetruede goufen. Verschiddentlech gëtt dat als e Verloscht fir Lëtzebuerg duergestallt, mä et däerf ee spekuléieren, wat mat Lëtzebuerg am 19. Joerhonnert geschitt wier, wann déi grouss Minettslageren déi do waren (an am 17. Joerhonnert onbekannt waren), net zu Loutrengen, mä zu Lëtzebuerg gehéiert hätten.