Dës Lëscht vu Lëtzebuergesche Sportler vum Joer ass en Deel vun de Referenztabellen.
Geschicht
D'Lëtzebuerger Vereenegung vun de Sportsjournalisten, organiséiert zanter 1954 all Joer de Gala vun der Sportpress, bei deem d'Trophéeën un de beschte Sportler, déi bescht Sportlerin an déi bescht Ekipp vum Joer iwwerreecht ginn.
Dëse Gala gouf am Fréijoer 2016 a "sportspress.lu Awards Night" ëmgedeeft an no 32 Editiounen am Casino 2000 zu Munneref den 1. Dezember 2016 a Presenz vum Grand-Duc Henri an der Coque um Kierchbierg ofgehalen. Ee Joer méi spéit, de 7. Dezember 2017, ass dës "sportspress.lu Awards Night", fir d'éischt Kéier och live vun RTL Télé Lëtzebuerg iwwerdroe ginn.
Am Joer 2018 ass de Gala nees zeréck op Munneref an de Casino 2000 gewiesselt, wou d'Éierung vun de beschte Sportler donneschdes, de 6. Dezember, am "Chapito" iwwer d'Bün goung. Dobäi goufe fir d'éischt och zwou nei Trophéeën, de "Prix d'entraîneur de l'année" an de "Prix Ultra-sport" iwwerreecht.
Wéinst der Corona-Kris ass s'am Joer 2000 ausgefall an 2021 iwwer eng Televisiounsémissioun organiséiert ginn. 2022 war se nees "live".
Virun 1966 ass keng getrennt Wäertung fir d'Damme gemaach ginn.
Lëtzebuergesch Sportler vum Joer vun 1954-1965
Lëtzebuergesch Sportler vum Joer zanter 1966
Lëtzebuergesch Sportlerin vum Joer zanter 1966
Lëtzebuergesch Ekipp vum Joer zanter 1962
Trainer vum Joer
Präis vum jonken Espoir zanter 1996
Präis Sport an Handicap zanter 2014
Präis Ultra Sport
Éierepräis zanter 1986
Präis Fair-Play
Publikumspräis „Exploit vum Joer“
Um Spaweck