An de Krichsjoren huet d'Milly Ludwig mat der Liichtathleetik (Hürdesprint a Wäitsprong) ugefaangen a gouf Member beim beim Cercle des sports Union Dudelange, deen de 25. Mäerz 1945 gegrënnt gi war. Den 12. August 1945 huet si den éischte lëtzebuergesche Rekord am 80-m-Hürdelaf an der Zäit vun 13''7 opgestallt[2].
No 1945 war si op nationalen an internationalen Turnéieren derbäi. Op der Liichtathleetik-Europameeschterschaft 1946 zu Oslo huet si an dräi Disziplinne matgemaach: 80-m-Hürdelaf (13''2, Plaz 7 vun 9), Héichsprong (1,48 m, Plaz 7 vun 10) a Wäitsprong (4,91 m, éischte lëtzebuergesche Rekord)[2].
De 15. August 1945 ass si 5,17 m wäit gesprongen, e Rekord, dee si 24 Joer laang gehalen huet, bis d'Manuela Kaufhold 2 cm méi wäit gesprongen ass[2].
Op den Olympesche Summerspiller 1948 zu London ass si am Wäitsprong ënner 26 Konkurrentinnen aus 18 Natioune mat engem Sprong vu 4,80 m op d'Plaz 16 komm[3].
D'Milly Ludwig ass de 24. Juli 1951 mam Guy Steinmetz bestuet ginn[4].
Unerkennungen
Am Kader vum internationale Fraendag 2019 huet d'Gemeng Diddeleng am Quartier Lenkeschléi fënnef Stroossen an eng Plaz no Diddelenger Frae genannt, déi an hirer Zäit Virreiderinne waren a sech no hire politeschen, privaten oder berufflechen Iwwerzeegungen engagéiert hunn. Dorënner d'Rue Milly Steinmetz-Ludwig an Erënnerung un d'Milly Ludwig[5].
↑ 2,02,12,2Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 64-65. ISBN 978-2-9599734-5-1