Den Internationale Fraendag, Weltfraendag, Fraekampfdag, Internationale Fraekampfdag oder Fraendag ass e Weltdag, deen all Joer den 8. Mäerz gefeiert gëtt.
Mat enger UNO-Resolutioun aus dem Joer 1977 gëtt den Internationale Fraendag all Joer als offiziellen UNO-Feierdag gefeiert, fir un den historesche Kampf fir d'Verbesserung vun de Liewensbedingunge vun de Fraen z'erënneren[1].
Den Internationale Fraendag zu Lëtzebuerg
Den 23. Mäerz 1929 gouf den Internationale Fraendag fir d'éischt zu Lëtzebuerg gefeiert, d'Organisatioun Foyer de la femme hat dozou opgeruff dee Kampfdag ze feieren an op e grousse Fraenowend am Festsall vun der Maison du Peuple zu Esch-Uelzecht agelueden[2].
Ënnert dem Kierzel JIF (Journée internationale des femmes) koordinéiert de CID/Fraen an Gender eng Aktiounsplattform mat zirka 20 Veräiner, Gewerkschaften an Organisatiounen[3]. Dës organiséiert zanter 2020 e Fraestreik um Fraendag (oder kuerz virdrun).