Den Habscheid ass zu Useldeng opgewuess. Hien huet eng Bäckeschléier gemaach. Nodeems hie verschidde Sportaarten ausprobéiert hat, gouf hien vun de d'Paralympesche Summerspiller inspiriéiert, fir Liichtathletik ze maachen. Hie gouf Member vum Celtic Dikrech an huet sech do op verschidde Worfdisziplinen, wéi Kugelstoussen an Diskusworf, spezialiséiert. 2013 konnt hie, well hien eng Wildcard krut, eng éischt Kéier op de Weltmeeschterschaften deelhuelen a gouf do Fënneften. 2014 huet hien de World Cup am Diskusworf gewonnen. 2015 ass hie bei den CA Diddeleng gewiesselt.[2] 2016 huet hie bei de Paralympics matgemaach a koum op déi 7. Plaz.
Bei der WM 2019 gouf hien Zweeten an huet sech domat fir d'Paralympesch Spiller zu Tokio 2020 qualifizéiert.[3] Bei där WM huet hien en neie Weltrekord an der Kategorie F63 opgestallt.[4] Bei de Paralympesche Summerspiller, déi op 2021 verréckelt gi waren, war hien deen eenzege Lëtzebuerger a gouf an der Kugelstouss-Competitioun de Véierten.[5],[6] Kuerz drop huet hie bekannt gemaach, datt e mat senger internationaler Carrière ophale wéilt.[7]
D'Ursprongsversioun vun dësem Artikel ass eng Iwwersetzung (liicht adaptéiert) vun de:Tom Habscheid an der Versioun vum 05.12.2024. D'Auteuren stinn do am Historique.