Am Tour de Suisse 2007 huet de Fränk Schleck den 19. Juni d'Biergetapp vun Nauders an Éisträich op Triesenberg-Malbun am Liechtenstein gewonnen. Eng 7 km virun der Arrivée, an der Montée am Bierg fir op Malbun, hat de Fränk Schleck déi decisiv Attack gemaach a konnt sech definitiv vun der Spëtzegrupp léisen. Op der Arrivée hat hien e Virsprong vun 32 Sekonnen op den zweetplacéierte Vladimir Efemkin. Nom Marcel Ernzer am Joer 1955, dee sech an der Etapp vu Bad Ragaz op Luzern duerchgesat hat, gëtt domat no 52 Joer erëm eng Etapp vun engem lëtzebuergesche Coureur am Tour de Suisse gewonnen.
2010 huet hie fir déi zweet Kéier a senger Carrière eng Etapp am Tour de Suisse gewonnen, an zwar déi 3. Etapp vu Sierre op Schwarzenburg. Zum Schluss stoung hien dunn och ganz uewen um Podium an huet als éischte Lëtzebuerger den Tour de Suisse gewonnen.
De 14. Juli 2012, no der Etapp vum Tour de France, gouf de Fränk Schleck positiv op Xipamid, en Diuretikum[1], getest. Wéi d'Resultat vum Test matgedeelt gouf, huet RadioShack-Nissan-Trek hien de 17. Juli aus der Course geholl.[2] Och d'B-Prouf war, wéi den 20. Juli 2012 gemellt gouf, positiv.[3] Den 30. Januar 2013 huet d'Agence Luxembourgeoise Anti Dopage (ALAD) de Fränk Schleck fir ee Joer gespaart, an dat réckwierkend vum 14. Juli 2012 un[4].
Kuerz ier d'Spär ofgelaf war, huet Radioshack Leopard Trek matgedeelt, dowéinst de Fränk Schleck aus hirer Ekipp z'entloossen.[5]
2016 war hien um Depart vun den Olympesche Summerspiller zu Rio, a gouf do 20. Hien huet kuerz dono ugekënnegt, um Enn vun der Saison seng Carrière op en Enn ze bréngen.[6]
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.