Zum nationale Vëlosnetz gehéiert awer och d'Realisatioun vun touristesche Strecke vun nationaler oder internationaler Bedeitung wéi z. B. den Uschloss op lëtzebuergeschem Territoire un de RAVeL-Reseau, d'Vennbunn oder d'Pist EuroVëlo 5 an och d'Ubannung u Fräizäitgebidder wéi de Stauséi, den Haff Réimech, d'Esplanade laanscht d'Musel, den Dall vun der Wäisser Iernz oder den Naturpark Uewersauer[1].
D'Käschte fir de Bau an d'Sanéierung vun der nationaler Vëlosinfrastruktur ginn zu Laaschte vum Staat, mat Ausnam vun de Gemengestroosse bannent enger Uertschaft, déi vun de jeeweilege Gemenge gedroe ginn. Dat selwecht gëllt fir den Ënnerhalt an d'Beschëlderung vun de Vëlospisten, ausser de Vëlosexpressweeër, fir déi d'Bauverwaltung eleng zoustänneg ass[2].
Dat éischt Gesetz iwwer d'national Vëlosweeër geet op 1999 zeréck[3]. D'Zil war sengerzäit fir eng legal Basis fir den Opbau vun engem nationalen Netz ze schafen, woubäi et sech haaptsächlech ëm Vëlosweeër fir Sport- an Tourismuszwecker gehandelt huet. Et war deemools e Reseau vun 950 Kilometer geplangt, wouvun 280 km scho bestoungen an der bis 2015 nach 320 km sollten derbäi kommen.
Mam Gesetz vun 2015[4] koum et dunn zu engem reegelrechte Paradigmewiessel. De Vëlo sollt net just als Fräizäitbeschäftegung ënnerstëtzt ginn, ma den Undeel vun der aktiver Mobilitéit fir déi alldeeglech Deplacementer sollt – mam Abanne vum ëffentlechen Transport – kontinuéierlech eropgesat ginn. Et gouf deemno ugestrieft fir de Vëlo haaptsächlech als ëmweltfrëndlecht, rouegt a flexibelt Transportmëttel unzegesinn, dat fir kuerz Trajeten och dacks méi séier wéi den Auto ass. D'Gesetz vun 2015 huet eng Rei vu Strecken agefouert, déi fir déi deeglech Trajete sollte gebraucht ginn. Méi spéit gouf du mat der Strategie Modu 2.0 d'Wichtegkeet vum Vëlo als Transportmëttel nach méi verstäerkt. Als Resultat dovu goufe mam neie Gesetz vun 2019[5] Bedierfnesser fir zousätzlech Vëlosweeër festgestallt, entweder fir wichteg Pendelverbindungen ze definéieren, fir Strecke virzeesinn, déi ursprénglech net geplangt waren oder fir Vëlosweeër an zukünftege grousse Stroossebauprojeten z'integréieren. Zousätzlech goufen och Deeler vu Vëlospisten aus dem nationale Vëlosreseau erausgeholl, well se de Qualitéitskrittären a punkto Sécherheet, Confort oder direkt Verbindung net (méi) entsprach hunn.
Dem aktuelle Gesetz no besteet dat nationaalt Vëlosnetz, wann et bis fäerdeg ass, aus 1.102 km, déi sech esou zesummesetzen[6][7]:
605 km sinn am Gebrauch, dovu 95 km am Mëschverkéier mam Autostrafick
610 km kommen derbäi, wouvun 180 km bestinn a 430 km nei gebaut musse ginn
113 km ginn deklasséiert.
Am Verglach mam Gesetz vun 2015 ass et deemno e Plus vun 83 km Vëlospisten.
Pro Kilometer Vëlospist deen nei gebaut muss ginn, gëtt e Budget vu 587.000 Euro geschat. Déi Fraise begräifen de Stroossebau, de Bau vun Ouvrage-d'arten, d'Etüden an eventuell Kompensatiounsmoossnamen[6].
Lëscht vun den nationale Vëlospisten
Opgepasst: Dës Lëscht baséiert um Gesetz vun 2019. D'Numerotatioun ass deelweis anescht wéi déi, déi et bis dohi gouf, an déi - Stand 2024 - nach ëmmer op de Schëlter ze gesinn ass.
Lëscht vun de nationale Vëlospisten op Basis vum Gesetz vun 2019[8]
↑D'Trajete baséieren op dem Text (Art. 4) an de Kaarten aus dem Gesetz; et ass net alles kloer detailléiert, sou datt eventuell kleng Onprezisiounen an der Opzielung sinn
↑am Gesetzestext steet iertemlecherweis Hobscheid (Habscht) amplaz vun Hoscheid (Houschent)