|
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
|
Centre hospitalier du Nord
|
D'Spidol zu Wolz
|
Basisdonnéeën
|
Address: |
Ettelbréck: 120, avenue Salentiny L-9080 Ettelbréck Wolz: 10, rue Grande-Duchesse Charlotte L-9515 Wolz
|
Typ: |
Ëffentlech
|
Grënnungsjoer: |
1. Januar 2010[1]
|
Better: |
357 (201?)[2]
|
Mataarbechter: |
+ 1.000 (201?)[2]
|
dovun Doktoren: |
134 (201?)[2]
|
Websäit: |
www.chdn.lu
|
De Centre hospitalier du Nord (kuerz: CHdN) ass e Spidol am Norde vu Lëtzebuerg. Et ass 2010 duerch d'Fusioun vun der Clinique Saint-Joseph zu Wolz an dem Hôpital Saint-Louis zu Ettelbréck entstanen.
Geschicht
Geschicht vum Wolzer Spidol
Dat éischt Spidol zu Wolz ass 1596 gegrënnt ginn. 1937 ass no véier Joer Bauzäit d'Clinique Saint-Joseph op der Plaz vum aktuelle Spidol opgaangen. Si hat deemools 62 Better. An den 1970er gouf se neigebaut an huet 1977 mat 106 Better hir Dieren opgemaach[1].
Geschicht vum Ettelbrécker Spidol
1855 ass an eidele Raim vun der Ettelbrécker Kasär e Fleegeheem entstanen.[3]
Fusioun
Den 20. Abrëll 2009 gouf an der Chamber e Gesetz gestëmmt, deem säin Zil d'Zesummeféiere vum Wëlzer an dem Ettelbrécker Spidol war.[2] Tëscht 2011 an 2015 sinn d'Gebaier zu Wolz fir bal 25 Milliounen Euro renovéiert a moderniséiert ginn.[4]
Referenzen
- ↑ 1,0 1,1 Geschichte des CHdN Wiltz op der Websäit vum Spidol (gekuckt den 10. Mee 2015)
- ↑ 2,0 2,1 2,2 2,3 Geschichte Centre Hospitalier du Nord op der Websäit vum Spidol (gekuckt den 10. Mee 2015)
- ↑ Geschichte des CHdN Ettelbruck op der Websäit vum Spidol (gekuckt den 10. Mee 2015)
- ↑ Le Quotidien: Wiltz – Le centre hospitalier du Nord modernisé (8. Mee 2015)