Den 68. Eurovision Song Contest (ESC) gëtt vum 7. Mee bis den 11. Mee 2024 an der Malmö Arena an der schweedescher Stad Malmö ofgehalen.
Gewënner war de Sänger Nemo aus der Schwäiz mam Lidd The Code.
1. Halleffinall
Déi éischt Halleffinall war de 7. Mee 2024 um 21:00 Auer (MESZ).
D' Vereenegt Kinnekräich (no Irland), Däitschland (no Island) a Schweden (no Moldawien), sinn obschonn se d'Office Finaliste sinn, an dëser Halleffinall opgetrueden a waren och stëmmberechtegt. Ausserdeem haten och déi 15 Länner déi matgemaach hunn, d'Walrecht an dëser Halleffinall.
An d'Finall koumen déi faarweg markéiert Länner.
2. Halleffinall
Déi zweet Halleffinall war den 9. Mee 2024 um 21:00 Auer (MESZ).
Frankräich (no Tschechien), Spuenien (no Lettland) an Italien (no Estland), sinn obschonn se d'Office Finaliste sinn, an dëser Halleffinall opgetrueden a waren och stëmmberechtegt. Ausserdeem haten och déi 16 Länner déi matgemaach hunn, d'Walrecht an dëser Halleffinall.
An d'Finall koumen déi faarweg markéiert Länner.
Finall
D'Finall war den 11. Mee 2024 um 21:00 Auer (MESZ).
Déi 26 Länner an der Finall sinn:
- Déi „5 Grouss“ (Big-5): Frankräich, Däitschland, Spuenien, Italien a Groussbritannien
- Déi bescht 10 Länner aus der éischter Halleffinall
- Déi bescht 10 Länner aus der zweeter Halleffinall
- De Gewënner vum ESC 2023, Schweden
Am Fall vun engem ex aequo gewënnt dee mat der héchster Eenzelwäertung. An der Finall ass all Land, dat beim ESC matgemaach huet, berechtegt seng Stëmm ofzeginn. Zousätzlech gëtt et en Online-Voting fir d'Zuschauer aus Länner déi net beim ESC matgemaach hunn an deen dann als zousätzlechen 38. Televoting gewäert gëtt.
Um Spaweck
Referenzen