D'Spuenesch (es: español, castellano) ass eng ibeeresch-romanesch Sprooch, mat laténgeschem, germaneschem an arabeschem Afloss.
Fir 500 Millioune Leit an 22 Länner op der Welt ass Spuenesch déi Offiziell Sprooch. Donieft gëtt Spuenesch nach a ville Länner als zweet Sprooch geschwat. D'Zuel vun de Leit, déi Spuenesch schwätze, läit bei zirka 600 Milliounen. Domat ass Spuenesch déi véiert heefegst geschwate Sprooch op der Welt, dat no Chineesesch, Hindi an Englesch.
An der ISO 639-1 gëtt d'Ofkierzung es benotzt an an der ISO 639-2 spa.
Spuenesch oder Kastellanesch
Am Prinzip ass Spuenesch a Kastellanesch déi selwecht Sprooch. Et gëtt awer en Ënnerscheed gemaach am Gebrauch vun deenen zwee Wierder. Am Internationale gëtt d'Wuert Spuenesch gebraucht, woubäi a Spuenien selwer d'Wuert Kastellanesch geholl gëtt. All déi aner Dialekter a Spuenie falen nämlech och ënner de Begrëff Spuenesch.
D'Spuenesch Sprooch benotzt dat laténgescht Alphabet mat verschidden Diacriten(ñ) an Digrammen(ch, ll). Den Accent aigu gëtt virun allem geholl fir e bestëmmten Deel vum Wuert ervirzehiewen an ze betounen, meeschtens ass dat bei de Vokaler de Fall.
Wéinst der Schreifweis ass d'Aussprooch vun engem spuenesche Wuert ganz genee definéiert, an och ëmgedréit kann een duerch d'Héiere vun engem Wuert genee wëssen, wéi et geschriwwe gëtt.
D'Vokaler ginn och ëmmer gläich laang ausgeschwat. Si sinn op an halleflaang a mussen däitlech ausgeschwat ginn.
Am Spuenesche gi Sätz mat Froen oder Feststellungen mat 2 Froenzeechen oder 2 Ausruffzeeche geschriwwen. Den éischte steet ëmgedréit virum Saz, den aneren den normale Wee hanner dem Saz.
Spuenescht Alphabet
D'Spuenescht Alphabet besteet aus 29 Buschtawen (26 vum romaneschen Alphabet an den ñ).