Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Schweedesch (sv: svenska) gehéiert zum nordgermaneschen Ënneraascht vun den indoeuropäesche Sproochen. D'Sprooch gläicht deenen anere skandinavesche Sproochen.
D'schweedesch Sprooch gëtt vu ronn 10 Milliounen Awunner als Mammesprooch geschwat. Ausser a Schweden selwer ass dat de Fall am südwestleche Wupp vu Finnland, an op Åland.
Et ass zanter 2009 d'offiziell Sprooch a Schweden an a Finnland, an et ass och d'Aarbechts- a Korrespondenzsprooch am Nordesche Rot.
Bis 2009 hat Schweden nach keng offiziell Sprooch. Schweedesch war de facto déi Sprooch, déi historesch do entstanen a gewuess ass an am Alldag och als dominant Landessprooch fungéiert huet. Zanter dem 1. Juli2009 ass de jure festgeluecht ginn, datt Schweedesch déi offiziell Sprooch vu Schweden ass.