Dëse Geographiesartikel iwwer Asien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Repúbliká ng̃ Pilipinas (Filipino) Republik vun de Philippinnen
D'Philippinnen sinn e Staat am Südoste vun Asien deen aus 7.107 verschidden Insele besteet, vun deenen der ronn 2.000 bewunnt sinn. Nëmmen 11 Inselen hunn eng Fläch vu méi wéi 2.500 km² (wat der Gréisst vu Lëtzebuerg) entsprécht. Déi gréisst Insele sinn: Luzon, Mindanao, Samar, Negros, Mindoro, Panay a Palawan.
D'Haaptstad vun de Philippinnen ass Manila. Si läit op der Haaptinsel Luzon.
Bei der Populatioun, déi haaptsächlech aus Katholicke besteet, spillt de Glawen am alldeegleche Liewen eng grouss Roll. Déi kathoulesch Wierdendréier hunn dofir e groussen Afloss op d'Politik. E Musterbeispill an deem Zesummenhang ass den Afloss an den Impuls, déi de Kardinol Sin zäitliewens op d'Politik hat. An de leschte Jore waren d'Philippinne méi a méi terroristeschen Aktiounen ausgesat, déi haaptsächlech vun islamistesche Fundamentalisten a Splittergruppe vun der Al-Qaida ausgaange sinn.