|
Dëse Geographiesartikel iwwer Armenien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
|
Armenien (armen.: Հայաստան/Hayastan) ass eng Republik a Westasien, am Kaukasus. D'Land grenzt am Norden u Georgien, am Osten un den Aserbaidjan, an am Süden un den Iran an un d'aserbaidjanesch Exklav Nachitschewan. Am Westen ass d'Tierkei den direkten Noper. Déi fréier Armeenesch Sozialistesch Sowjetrepublik gouf 1991 vun der Sowjetunioun onofhängeg.
D'baussepolitesch Relatioune mat der Tierkei, an apaart déi mat Asberbaidschan bleiwe viru ferm strapazéiert. 1992 sinn d'Konflikter ëm d'Regioun Biergkarabach am haitegen Aserbaidjan zu engem bluddege Krich mam Nopeschland eskaléiert. Och nach nom Waffestëllstand vun 1994 besetzt Armenien ronn 15 % vun der Géigend. D'Friddensverhandlungen tëscht de Parteie stagnéieren zanterhier.
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ Vereent Natiounen, 2004
- ↑ Nationale Statistesche Service vun der Republik vun Armenien