Kirgisistan, mam vollen Numm Kirgisesch Republik, op Kirgisesch Kyrgyz Respublikasy, an op Russesch Kyrgyzkaja Respublica, ass e Staat an Zentralasien. Den haitege Staat ass 1991 aus der fréierer Kirgisescher Sozialistescher Sowjetrepublik ervirgaangen.
Kirgisistan ass zanter 1991 eng Presidialrepublik. All 5 Joer si Wale fir d'Parlament, dat 75 Memberen huet.
Bevëlkerung
D'Land huet eng 5.000.000 Awunner mat ronn 80 Nationalitéiten, dovu 60% Kirgisen, eng 15 % Russen a 15 % Usbeken.
Sproochen
Offiziell Sproochen a Kirgisistan si Kirgisesch an zanter dem Mee 2000 och Russesch.
Regierung a Parteien
No der Parlamentswal 2020 gouf Kirgistan vum Sadyr Japarov erëm autoritär regéiert.
Um Spaweck