A jiddwer Land souzen 10 Jurymemberen. Jiddwer Member vum Jury huet 3 Punkten op seng 1, 2 oder 3 bescht Lidder verginn. D'Punkte sinn zesummegezielt ginn an déi 3 bescht Lidder si mat 5, 3, 1 Punkte bewäert ginn.
Portugal huet fir déi éischt Kéier matgemaach. Well awer Schweden dat Joer net dobäi war, ass d'Zuel vun de Länner bei 16 bliwwen.
D'Vertriederin vun der Schwäiz, d'Anita Traversi, war och scho beim Grand Prix 1960 dobäi.
Virum Optrëtt vum belsche Sänger wollt e Mann mat engem Schëld "Boycott Franco & Salazar" op d'Bün lafen, fir géint d'Militärregimer a Spuenien an a Portugal ze demonstréieren. Et gouf och scho virum Grand Prix Debatten driwwer, datt déi rietsgeriicht Diktature Spuenien a Portugal sollte vum Grand Prix ausgeschloss ginn.
Et sinn nees Ännerunge bei der Ofstëmmung ginn: An all Land souzen 10 Jurysmemberen. Jiddwer Member vum Jury huet 3 Punkten op seng 1, 2 oder 3 bescht Lidder verginn. D'Punkte sinn zesummegezielt ginn an déi 3 bescht Lidder si mat 5, 3, an 1 Punkt bewäert ginn. Wann nëmmen 1 Lidd vun der Jury als bescht gewielt gouf, krut et 9 Punkten, wann 2 Lidder vun der Jury gewielt goufen, krute se 6 an 3 Punkten. D'Resultater goufen telefonesch an ëffentlech op Kopenhagen iwwermëttelt.