Well ugeholl gëtt, datt déi meescht TNO an der Kuiperceinture sinn, gëtt de Begrëff Kuiperceintureobjet (KBO, och Kuiper Belt Object) och synonym fir transneptuneschen Objet gebraucht. Bis 2011 waren e puer honnert TNO bekannt, et gëtt awer nach e puer zéngdausend Objeten ugeholl, mat engem Duerchmiesser vun iwwer 100 km.
Geschicht
Vun 1900 bis 1930 stoung d'Wuert „Transneptun“ fir en hypotheteschen néngte Planéit, dee fälschlecherweis, fir kleng Bunnstéierunge vun de Planéiten Uranus an Neptun verantwortlech gemaach gouf. De Marsfuerscher Percival Lowell (1855–1916) hat laang selwer duerno gesicht an dofir de Lowell-Observatoire bei Flagstaff finanzéiert.
Dee schliisslech den 18. Februar1930 entdeckte Pluto war den eenzegen transneptuneschen Objet, deen de Status vun engem Planéit krut – dëse Status gouf op en Zwergplanéit zeréckgesat. Géint 1950 ass dann no engem Transpluto gesicht ginn. 1977 ass no der Entdeckung vum éischten Zentaur eng aner Terminologie gewielt ginn.
Eegenschaften
Déi bis elo entdeckt transneptunesch Objete sinn an hirer Zesummesetzung koméitenähnlech. Vill bekannt Koméite stamen no Bunn-Berechnungen déi an den 1970er Jore gemaach goufen, éischter aus der Kuiperceinture, an net wéi laang Zäit ugeholl gouf, aus der Oort-Wollek.
D'Transneptune ginn als speziell Grupp vun Asteroiden ugesinn an ënnerscheede sech vun deenen aus der Asteroidenceinture virun allem duerch
hir dacks laanggestreckt Ëmlafbunnen déi wäit vun der Sonn ewech ginn
hir kuelenaarteg däischter Faarf (Albedo nëmmen ongeféier 0,04)
hir Zesummesetzung aus lassenem Gestengs an Äis, déi gläichzäiteg den Iwwergank zu Koméitekären duerstellt.
Objettyppen
D'Transneptune kreese gréisstendeels an der Kuiperceinture tëscht 30 a 50 AE, sammele sech awer dacks zu spezielle Gruppen.
Resonant KBO
Een Drëttel vun alle Kuiperceinture-Objete steet a Bunnresonanz zum Planéit Neptun, wéi zum Beispill d'Plutinos, déi all op stabillen, allerdéngs wiesentlech exzentresche Bunnen lafen, an an 3:2-Resonanz zum Neptun sinn. Den hellste vun hinnen ass den Zwergplanéit Pluto. Weider no bausse sinn d'Twotinos, déi an 2:1-Resonanz zu der Neptunbunn stinn. Et existéieren och Objete mat anere Resonanzen, wéi z. B. 5:2 an 3:1.
Klassesch KBO (Cubewanos)
Eng aner wichteg Grupp ass déi vun den C-KBOen (klassesch Kuiperceintureobjeten, och Cubewanos) genannt. Si beweege sech mat klengen Exzentrizitéiten op bal kreesfërmege Bunnen tëscht 42 a 50 AE mat Bunnschréie vu bis zu 30°. Ongeféier 2/3 vun de bekannte KBO beweege sech op dëse kreesähnleche Bunnen ëm d'Sonn. Zu där Grupp gehéieren déi 1000-km-Objeten Quaoar an Varuna.
Scattered Disk
Gestreete KBO (oder och Scattered Disk Objects, SDO) beweege sech mat groussen Exzentrizitéiten op Bunne mat Periheldistanzen no bei 35 AE an Apheldistanze bis 1000 AE. Bis elo sinn nach net vill gestreete KBO bekannt (zum Beispill 1996 TL66 mat enger staark elliptescher Bunn an enger Bunnschréi vu 24°).
Enn 2003 gouf en Objet op duebeler Pluto-Distanz entdeckt, dee sech op enger extreem laanggezunnener Ellips wäit baussenzeg vun der Kuiperceinture, allerdéngs nach net an der Oort-Wollek beweegt an en neie Prototyp duerstellt. Den Objet ass ronn 1500 km grouss a gouf no der Inuit-Gëttin Sedna genannt. Dësen oder en aneren nach net entdeckten Transpluto kéint fir déi lues Lassléisung vu Koméiten aus der Oort-Wollek verantwortlech sinn.