De Planetoid beweegt sech op enger mëttlerer Distanz vun 39,61 AE an 249 Joer ëm d'Sonn. Seng Bunn verleeft déi aner Säit vum Planéit Neptun tëscht 30 an 49,2 AE Dustanz vun der Sonn, an der Kuiperceinture. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,242; d'Bunn steet 19,60° schréi zu der Ekliptik. Am Ament ass de Planetoid ronn 39,8 AE vun der Sonn ewech.
Entdeckung a Gréisst
Den Ixion gouf den 2. Juli2001 vun enger Astronomegrupp, um Lowell-Observatoire zu Flagstaff an Arizona, entdeckt. Den Duerchmiesser vum Ixion gouf ufanks mat ronn 1300 km ugeholl. Observatioune mam Spitzer-Weltraumteleskop hu festgestallt, datt den Ixion eng zimmlech hell Uewerfläch huet (d'Albedo läit ëm 0,14), sou datt den Duerchmiesser dohier entspriechend méi kleng (ongeféier 617 km) ageschat muss ginn.