6 Bunnelementer a, e, i, Ω, ω, T leeën d'Satellittebunn am Raum fest.
Sechs Bunnelementer (kuckt dozou Satellittebunnelement ) leeën d'Bunn vun engem Himmelskierper , deen de Gesetzer vum Kepler am Schwéierfeld vun engem Himmelskierper (Zwéikierperproblem ) follegt, eendeiteg fest.
Zwee Bunnelementer definéieren d'Form vun der Bunnellips, dräi Elementer bestëmmen d'Lag am Raum an een Element leet den Zäitbezuch fest.
D'Bunnelementer vu Satellitte baséieren och op de 6 Bunnelementer vun enger Keplerbunn. Si enthalen normalerweis weider Parameter, fir Bunnstéierungen anzebezéien.
Elementer
D'Beschreiwung vun der Bunnkurv -Gestalt erfuerdert zwéi Wäerter, déi d'Form an d'Gréisst festleeën:
Doraus ofgeleet ginn:
Lagelementer
D'Lag am Raum relativ zu engem Referenzsystem gët duerch dräi Parameter bestëmmt:
Zäitbezuch
Den Zäitbezuch leet den Zäitnullpunkt fest:
Epoch t vum Perihelduerchgank vum Kierper:
Abgeleete Gréisste
Donnéeë vu Bunnelementer
D'Donnéeën als 6-Tupel (p, e, i, Ω, ω, T) bezeechent een als klassesch Bunnelementer .[ 1]
Donieft gëtt et och aner Méiglechkeeten, déi dem jeeweilege Fall ugepasst sinn, an da meeschtens kanonesch an engem Formalismus gereegelt sinn:
(a, e, i, Ω, ω, T), eng besonnesch fir d'Koméiten an d'Planéite vum Sonnesystem gëeegent Method
(a, e, i, Ω, ω, M), fir de Pluto an d'Asteroiden , wéi se den Astronomical Almanac gebraucht[ 2]
(a, e, i, Ω, π, L) gëtt ongeféier d'Planéitentheorie VSOP 82 op indirektem Wee.
(n, e, i, Ω, ω, M), d'System vum NASA/NORAD Two Line Elements Format fir kënschlech Äerdsatellitten
Iwwersiicht
Bunnelement
Nëtzlechkeet
Bunnelement
Bezuch
Symbol
Dimensioun
Ellips
Parabel / Hyperbel
Exzentrizitéit
Form
e, ε
1
Jo
Jo
Exzentrizitéitswénkel
Form
Φ
1
Jo
Nee
Hallefparameter
Gréisst
p
Längt
Jo
Jo
Periapsis
Gréisst
q
Längt
Jo
Jo
Grouss Hallefachs
Gréisst
a, α
Längt
Jo
Nee
Inklinatioun
Lag
i
Wénkel
Jo
Jo
Argument vum Knuet
Lag
Ω
Wénkel
Jo
deelweis
Argument vun der Periapsis
Lag
ω
Wénkel
Jo
Jo
Mëttel Beweegung
Zäitverhalen
μ, n, V
1 / Zäit
Jo
Jo
Wénkelvitesse
Zäit-Plazverhalen
Wénkel / Zäit
Jo
Jo
Mëttel Anomalie
Bunnplaz
M
Wénkel
Jo
Nee
Mëttel Längt
Bunnplaz
λ, L
Wénkel
Jo
Nee
Radiusvektor
Bunnplaz
R
Längt
Jo
Jo
Ëmlafperiod
Zäitbezuch
P
Zäit
Jo
Nee
Periapsiszäit
Zäitbezuch
T, τ
Zäit
Jo
Jo
Literatur
Kuckt och
Portal Astronomie
Um Spaweck
Referenzen
↑ Guthmann , S. 163
↑ Vollmann , 8.1