Déi zwéi Punkte vun der Ekliptik déi sech op der Himmelskugel vis-à-vis leien, am Moment an deem d'Sonn an den Equinoxen ass, sinn d'Equinoxepunkten, déi den Ufank oder d'Enn vun enger astronomescher Joreszäit markéieren:
Den Astronomesche Fréijoersufank ass den Duerchgank duerch de Fréijoerspunkt.
Den Astronomeschen Hierschtufank ass den Duerchgank duerch den Hierschtpunkt.
De mëttelsten Equinoxepunkt nennt een och Géigepunkt a Wopunkt.
Als Equinoxe bezeechnet een och:
1) de mëttelste Fréijoerspunkt selwer,
2) d'Lag vum Fréijoerspunkt (Positiounsdonneeën) zu engem bestëmmten Zäitpunkt, souwéi
3) deen Zäitpunkt, fir deen d'Lag vum Fréijoerspunkt festgestallt gëtt.
An deene Bedeitunge spillt de Begrëff vun der Equinoxe eng wichteg Roll bei der Definitioun vun astronomesche Koordinatesystemer, déi de verännerleche Fréijoerspunkt als Koordinaten-Nullpunkt gebrauchen.
Well en op laang Zäit seng Positioun verännert, gëtt en als Equinoxe vum Datum oder als Standardequinoxe mat engem Zäitbezuch notéiert.