D'Albedo (lat. albedo = dat Wäisst; lat. albus = wäiss) ass eng Mooss fir d'Réckstralverméige vun diffus reflektéierenden (reemittéierenden), also Uewerflächen, déi net selwer liichten.
D'Albedo ass virun allem an der Meteorologie vu Bedeitung, wou si Aussoen doriwwer erméiglecht, wéi staark sech d'Loft iwwer verschiddenen Uewerflächen erwiermt. Si fënnt och an der 3D-Computergraphik Uwendung, wou si als Mooss fir déi diffus Streekraaft vu verschiddene Materialie fir d'Simulatioun vun der Volumenstreeung déngt.
Weider huet d'Albedo och eng grouss Bedeitung fir d'Erhale vum Weltklima, doduerch datt energieräicht kuerzwellegt Liicht vun der Äerduewerfläch reflektéiert an a langwellegt wäermwierksamt Liicht ëmgewandelt gëtt.
Wa Wäermt duerch Stralung zougeféiert gëtt an haaptsächlech duerch aner Prozesser ofgefouert gëtt, erreechen Uewerfläche mat manner Albedo méi héich Temperaturen (vgl. Asphalt a Schnéi). Wann d'Wäermt haaptsächlech duerch aner Prozesser zougefouert gëtt an (ënner anerem) duerch Stralung ofgefouert gëtt, erreechen Uewerfläche mat klenger Albedo manner Temperaturen (dat ass och de Grond dofir, datt Killkierper vun elektroneschen Apparate meeschtens schwaarz sinn).
Glat Uewerfläche wéi Waasser, Sand, Schnéi hunn e relativ héijen Undeel vu Reflexioun, hir Albedo ass dofir staark ofhängeg vum Afallswénkel vun der Sonnestralung (kuckt Tabell).
Mëttel Albedo am Sonnesystem
D'Venus huet mat enger mëttlere sphäreschen Albedo vun 0,76 e ganzt héicht, de Äerdmound mat duerchschnëttlech 0,12 e ganz klengt Réckstralverméigen an d'Äerd huet eng mëttel sphäresch Albedo vun 0,39. De bis elo héchste gemoossene Wäert fält mat 0,99 op de SaturnmoundEnceladus an déi niddregst Moyenne gouf mat nëmmen 0,03 um KoméitBorrelly festgestallt.
Miessung
D'Miessung vun der Albedo geschitt iwwer Albedometer a gëtt a Prozent uginn.