Bei e puer Zentauren, zum Beispill Pholus, gouf gefruerent Waasser op der Uewerfläch entdeckt, bei anere wéi de Chiron konnt bis elo kee Waasseräis nogewise ginn. Warscheinlech sinn d'Zentauren „erkaalt“ Koméiten, deenen hir fréier flüchteg Bestanddeeler, wéi z. B. Waasseräis oder Methan an der Tëschenzäit méi oder wéineger subliméiert sinn. Dogéint gëtt awer den Zentaur Chiron, zanter datt bei him en Halo entdeckt gouf, och als Koméit klassifizéiert.