Methan

Methan
Methan
Systemateschen Numm (IUPAC) Methan
Trivialen Numm Methylwaasserstoff
Cheemesch Formel CH4
Ausgesinn / Geroch Faarflosen a gerochlose Gas
Eegenschaften
Dicht 0,717 kg/m3 bei 0 °C, 1013 hPa
Léislechkeet 26 ml/l am Waasser
Agregatzoustand gasfërmeg
Molmass 16,04 g/mol
Schmëlzpunkt -182,6 °C
Kachpunkt -161,4 °C
Thermodynamesch Daten
Standard Formatiounsenthalpie
ΔfH0
-74,87 KJ·mol−1
Standardentropie
S0
186,25 J·K−1·mol−1
Verbrennungsenthalpie
ΔcH0
-890,7 KJ·mol−1
Weideres
Änlech Moleküllen Ethan
Propan
Butan
Cheemesch Famill Alkanen

De Methan ass e Kuelewaasserstoof an deen einfachsten Alkan. En ass den Haaptbestanddeel vum Biogas[1] a vum Äerdgas. Nom Kuelendioxid ass en de wichtegsten Zäregas. En ass allerdéngs a méi klenge Quantitéiten an der Atmosphär, mä e wierkt méi staark.

De Methan kann als Brennstoff oder als Killmëttel gebraucht ginn an ass den Ausgangspunkt fir vill aner organesch Verbindungen. Methan gëtt bei biologeschen a geologesche Procedéë fräigesat.

Physikalesch Eegenschaften

De Methan ass e Gas ouni Goût[2],[3], Faarf[2] a Geroch[2]. Bei 25 °C an 1013 hPa ass de Methan am gasfërmegen Zoustand. Methan ze verflëssegen ass schwéier wéinst sengem niddrege Kachpunkt. En ass méi liicht wéi Loft, seng Dicht par Rapport zu der Loft läit bei 0,554.

De Methan léist sech schlecht am Waasser an am Aceton op, awer am Alkohol, am Benzol an am Ether ass e gutt léislech.

Cheemesch Eegenschaften

De Methan bilt nëmme mam Chlor, dem Brom an der Salpéitersaier nei cheemesch Produkter. Aner cheemesch Elementer zerstéieren d'Moleküll vum Methan oder féieren zu enger Verbrennung, wéi beim Sauerstoff. Awer déi meescht cheemesch Elementer a Produite reagéiere guer net mam Methan; se sinn inert. Dat ass well et e gesiedegte Kuelewaasserstoff ass.

Verbrennung vum Methan

De Methan as e liicht entzündleche Gas. E brennt mat enger bloelzeger Flam an hannerléisst sou gutt wéi keng Réckstänn. Wann een e Volume Methan mat zwéi Volume Sauerstoff vermëscht, entsteet en explosiivt Gasgemësch, dat och nach Knallgas genannt gëtt. Et kënnt heiansdo zu Explosioune vun där Zort an de Minièren, well do Methangas fräigesat gëtt. Methan verbrennt mat Sauerstoff a wa genuch O2 do ass entsteet Kuelendioxid a Waasser[2].

Am Fall wou net genuch Sauerstoff do ass, entsteet Waasser a Kuelestoff oder de gëftege Kuelemonoxid[2].

Wann een déi Reaktioun mam Katalysator Néckel a bei 900 °C duerchféiert, entsteet Waasserstoff a Kuelemonoxid[2].

Reaktioun mat den Halogenen

De Methan reagéiert mam Chlor op zwou Manéieren. Déi eng Reaktioun leeft mat Hëtzt of a féiert zu enger Zerstéierung vum Moleküll vum Methan. Déi aner Reaktion féiert zu enger Substitutioun. Dat heescht: De Chlor ersetzt d'Waasserstoff-Atomer vum Methan ouni d'Moleküll ze zerstéieren.

Wann e Methan am Chlor verbrennt entsteet eng roudelzeg Flam. D'Ennprodukter vun där Reaktioun si Kuelestoff a Chlorwaasserstoff[2].

Wann een awer e Gasgemësch aus Methan a Chlor mat Liicht bestraalt, ersetzt de Chlor lues a lues de Waasserstoff vum Methan. Aus där Reaktioun entstinn déi chloréiert Derivater vum Methan: Monochloromethan, Dichloromethan, Trichloromethan a Tetrachloromethan. Als Nieweprodukt gëtt Chlorwaasserstoff fräigesat. Déi Reaktioun kann en och mam Brom duerchféieren, mä si leeft méi lues of[2].

D'Reaktioun mam Fluor zerstéiert d'Moleküll vum Methan. D'Ennprodukter vun där Reaktioun si Kuelestoff a Fluorwaasserstoff[2].

Mam Iod reagéiert de Methan net[2].

Reaktioun mat Salpéitersaier

De Methan reagéiert bei 450 °C mat den Dämp vun der Salpéitersaier. Bei där Reaktioun ersetzt d'Grupp NO2 e Waasserstoff-Atom vum Methan an et entsteet Nitromethan a Waasser[2].

Produktioun vum Methan

Am Laboratoire

e Methan ka mat Aluminiumcarbid a Waasser hiergestallt ginn. Den Aluminiumcarbid gëtt mat Hëllef vu waarmem Waasser zersat. Et gëtt nach e bësse Chlorwaasserstoff bei d'Waasser gemëscht fir d'Aluminiumhydrat ze zerstéieren, dat um Aluminiumcarbid entsteet[1][2].

Eng aner Method besteet doran, Natriumacetat mat Natriumhydroxid ze hëtzen[2].

[1]

An der Industrie

Fir Methan industriell hierzestellen ginn Äerdgas, Gaser aus der Kokerei a vum Pëtrol distilléiert. Zum Beispill mat der Fischer-Tropsch-Synthees kann ee Methan hierstellen[1].

D'Methaniséierung ass eng Method fir Methangas aus Kuelemonoxid a Waasserstoff hierzestellen. Dës Reaktioun leeft bei 250-300 °C of a gëtt duerch Néckel katalyséiert. Dobäi entsteet Wäermt, Waasser a Methan. Mä et kann een dës Reaktioun bei 800 °C ëmdréinen. Dës Method gëtt Streamreforming genannt[2].

An der Natur

An der Natur gëtt Methan vu Mikroorganisme produzéiert, déi, ouni datt Loft derbäi kënnt, organesch Matière zersetzen. Wa Bakteerien zum Beispill Gras, Mëscht, Piff a Klärschlamm zersetzen entsteet haaptsächlech Methan, nieft Kuelendioxid, Stéckstoff, Waasserstoff a Schwiefelwaasserstoff[1].

Moleküll vum Methan

D'Moleküll vum Methan besteet aus engem Kuelestoff-Atom a véier Waasserstoff-Atomer. Déi Atomer sinn duerch eng kovalent Liaisoun matenee verbonnen. All Atom huet d'Konfiguratioun vun engem Eedelgas: de Waasserstoff-Atom huet déi vum Helium an de Kuelestoff-Atom déi vum Neon.

D'Bindungen am Moleküll vum Methan entsti wa sech d'elektronesch Wolleke vum Kuelestoffatom a vum Waasserstoffatom matenee verbannen. D'Elektrone vun der leschter Couche vum Kuelestoffatom vollzéie fir d'éischt eng Promotioun, dann eng Hybridation sp3, bei där véier elektronesch Wolleken oder Orbitale vum Typ sp3 entstoen. Déi Wolleken orientéieren sech sou, datt se all sou weit wéi méiglech vuneneen entfernt sinn. Dofir huet d'Moleküll vum Methan eng tetraedresch Struktur an all véier Orbitale forméieren e Wénkel vun 109,5° zueneen. D'Orbital vun deene véier Waasserstoffatomer iwwerlappt sech mat der Orbital sp3. Sou entsti véier Orbitaler mat zwéin Elektronen am Moleküll vum Methan. Déi véier Atomkäre stousse sech of well se positiv geluede sinn. Mä d'Orbitalen déi negativ geluede sinn zéien déi positiv geluede Kären un an halen d'Atomer vum Moleküll zesummen[2].

De Kuelestoffatom, deen aus enger Hybridation sp3 entsteet, forméiert nëmmen einfach kovalent Liaisounen. An der organescher Chimie gi si och nach σ-Liaisounen (liaisons σ) genannt. D'Kuelestoffatomer vun den Alkane sinn duerch σ-Liaisoune matenee verbonnen[2].

Doriwwer eraus ass d'Moleküll vum Methan apolaire.

Virkommen

Methan lagert, wéi den Äerdueleg, a risege Gasreservoiren ënner der Äerd. Da kënnt Methan nach an enorme Quantitéiten um Mieresbuedem vir. Do lagert en ënner der Form vu Methanhydrat.

Methangas ass och den Haaptbestanddeel vun de Gasplanéiten Jupiter, Saturn, Uranus an Neptun.

Uwendung

An der Chimie gëtt Methan geholl fir Ammoniak, Methanol, Waasserstoff, Blosaier an Acetylen hierzestellen.[1]

Methan als Zäregas

Methan ass ee vun de wierksaamsten Zäregaser. E gëtt vu Räisfelder, vu Suppen, vun tropesche Bëscher, vum landwirtschaftleche Véi a vun der Gas- a Kuelenindustrie fräigesat[4]. An de leschten 200 Joer ass de Methangehalt vun der Atmosphär permanent an d'Luucht gaangen. Zanter 2007 sinn erëm zousätzlech Milliounen Tonne Methangas an d'Atmosphär geschleidert ginn[4]. En ass fir 20 % vum Zäregas-Effekt verantwortlech[4]. En absorbéiert, wéi de Kuelendioxid, d'infrarout Liicht a verhënnert datt d'Wäermt vun der Sonn erëm zeréck un de Weltraum ofgi gëtt[4]. Mä Methan ass nach méi staark wéi Kuelendioxid. Ee Moleküll vum Methan wierkt geneesou staark wéi 21 CO2-Moleküllen[4].

Awer nëmmen 30 % vun de Methan-Emissioune gi vun der Natur verursaacht[4]. Fir déi aner 70 % ass de Mënsch direkt oder indirekt verantwortlech[4]. Virun allem d'Landwirtschaft ass schold un deenen héije Methan-Emissiounen[4]. Räisfelder, Kéi a Schof schleideren sou vill Methan an d'Loft, datt et Konsequenze fir d'Weltklima huet[4].

Methan gëtt awer och an der Atmosphär durch Hydroxyl-Ionen OH- ofgebaut[4]. Doduerch gouf et e Gläichgewiicht vun Ofbau an Emissiounen[4]. Soulaang d'Konzentratioun vum Methan an der Atmosphär stabil blouf, goufen déi enorm Kuelendioxid-Emissioune kompenséiert. Mä dat Gläichgewiicht ass erëm gestéiert an de Methangehalt an der Atmosphär gëtt erëm méi grouss. Virun engem Joer (2010) sinn et zirka 1751 ppb (parts per billion)[4]. Dat ass méi wéi zweemol sou vill wéi virun der industrieller Revolutioun[4].

Iwwerraschend ass datt de Methangehalt an der Loft iwwerall op der Welt gläichzäiteg eropgaangen ass[4]. Et dauert an der Atmosphär méi wéi ee Joer bis datt sech de Gasgehalt vun der südlecher an der nërdlecher Hemisphär gemëscht an ausgeglach hunn[4]. Dowéinst hätten iwwerall op der Welt gläichzäiteg d'Methangas-Emissiounen eropgoe missen. Dat ass awer net de Fall. Déi meescht Methangas-Emissiounen entstinn nämlech op der nërdlecher Hemisphär[4].

Dat kéint doru leien, datt 2007 a Sibirien de gefruerene Buedem, wéinst dem waarme Wieder, entdeet ass[4]. Doduerch ass de bakteriellen Ofbau erëm un d'Lafe komm a grouss Quantitéite Methangas goufe fräigesat[4]. Firwat op der südlecher Hemisphär de Methangehalt eropgeet, kann een domat net erklären.

Eng aner Erklärung seet, datt d'Konzentratioun vun den Hydroxyl-Ionen an der Atmosphär ofgeholl huet. Dat ass awer nëmmen eng theoreetesch Erklärung, déi nach net genee nogewise konnt ginn[4].

Literatur

  • A. Dessart - J. Jodogne - J. Paul, Chimie organique, Éditions A. De Boeck, Bruxelles, 1979

Um Spaweck

Commons: Methan – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 http://www.seilnacht.com/Chemie/ch_methan.htm [28.02.2012]
  2. 2,00 2,01 2,02 2,03 2,04 2,05 2,06 2,07 2,08 2,09 2,10 2,11 2,12 2,13 2,14 2,15 Éditions A. De Boeck, Bruxelles, 1979, Chimie organique, A. Dessart - J. Jodogne - J. Paul, S. 57, 58-59, 60-64
  3. Lewis, R. J., Sr. (Ed.). Hawley's Condensed Chemical Dictionary. 13th ed. New York, NY: John Wiley & Sons Inc. 1997., p.720
  4. 4,00 4,01 4,02 4,03 4,04 4,05 4,06 4,07 4,08 4,09 4,10 4,11 4,12 4,13 4,14 4,15 4,16 4,17 4,18 http://www.g-o.de/wissen-aktuell-9044-2008-10-31.html (Massachusetts Institute of Technology, 31.10.2008 - NPO) [21.10.2011]

Read other articles:

Artikel ini sebatang kara, artinya tidak ada artikel lain yang memiliki pranala balik ke halaman ini.Bantulah menambah pranala ke artikel ini dari artikel yang berhubungan atau coba peralatan pencari pranala.Tag ini diberikan pada November 2022. 居酒屋ゆうれいIzakaya YuureiSutradaraTakayoshi WatanabeDitulis olehYozo TanakaMasayo Yamamoto (novel)PemeranKen'ichi HagiwaraShigeru MuroiTomoko YamaguchiPenata musikShigeru UmebayashiSinematograferJun'ichi FujisawaPenyuntingAkira SuzukiP...

 

Basilika Tempat Ziarah Nasional Bunda MariaBasilika Minor Tempat Ziarah Nasional Bunda MariaSpanyol: Basílica de Nuestra Señora de la Elevacióncode: es is deprecated Basilika Tempat Ziarah Nasional Bunda MariaLokasiEl CisneNegara EkuadorDenominasiGereja Katolik RomaArsitekturStatusBasilika minorStatus fungsionalAktif Basilika Tempat Ziarah Nasional Bunda Maria (Spanyol: Basílica de Nuestra Señora de la Elevacióncode: es is deprecated ) adalah sebuah gereja basilika minor Katolik ya...

 

Tanah aluvial di daerah Amazon Basin, Brasil Aluvial adalah jenis tanah yang terbentuk karena endapan.[1] Daerah endapan terjadi di sungai, danau yang berada di dataran rendah, ataupun cekungan yang memungkin kan terjadinya endapan.[1] Tanah aluvial memiliki manfaat di bidang pertanian salah satunya untuk mempermudah proses irigasi pada lahan pertanian. [2] Tanah ini terbentuk akibat endapan dari berbagai bahan seperti aluvial dan koluvial yang juga berasal dari berbag...

EunhyukInformasi latar belakangNama lahirLee Hyuk-jaeNama lainEunhyukLahir4 April 1986 (umur 37)Neunggok, Goyang, Gyeonggi,  Korea SelatanAsalSeoul, Korea SelatanGenre Pop Dance R&B Trot Pekerjaan Rapper Penari Penyanyi Penulis lagu Aktor Koreografer Direktur Konser MC Pembawa acara radio Instrumen Piano Menyanyi Tahun aktif2005–sekarangLabelSM Entertainment Label SJArtis terkaitSM Town, Super Junior, Super Junior-T, Super Junior-Happy, Super Junior-M, SubUnit D&E, SubUnit...

 

Cai Lan GongSutradaraDavid PoernomoProduserDerryl ImanalieDitulis olehPriesnanda DwisatriaIlya SigmaDewi PiayDavid PoernomoPemeranRonny P TjandraAnthony XieIneke ValentinaRezca SyamPutri ArianiPerusahaanproduksiRexinemaTanggal rilisDurasi86 menitNegaraIndonesiaBahasaIndonesia, Tionghoa Cai Lan Gong merupakan film horor Indonesia yang dirilis pada 22 Oktober 2015. Ini adalah film Indonesia pertama yang direkam menggunakan ponsel cerdas Samsung Galaxy Note 4 dan 5 yang mampu merekam gambar deng...

 

Синелобый амазон Научная классификация Домен:ЭукариотыЦарство:ЖивотныеПодцарство:ЭуметазоиБез ранга:Двусторонне-симметричныеБез ранга:ВторичноротыеТип:ХордовыеПодтип:ПозвоночныеИнфратип:ЧелюстноротыеНадкласс:ЧетвероногиеКлада:АмниотыКлада:ЗавропсидыКласс:Пт�...

Pandeglang beralih ke halaman ini. Untuk kegunaan lain, lihat Pandeglang (disambiguasi). Kabupaten PandeglangKabupatenPantai Tanjung LesungSeekor Rusa Timor di Taman Nasional Ujungkulon LambangPetaKabupaten PandeglangPetaTampilkan peta JawaKabupaten PandeglangKabupaten Pandeglang (Indonesia)Tampilkan peta IndonesiaKoordinat: 6°18′33″S 106°06′17″E / 6.3092°S 106.1047°E / -6.3092; 106.1047Negara IndonesiaProvinsiBantenTanggal berdiri1 April 1874 (umur...

 

Gauriaguet La mairie. Administration Pays France Région Nouvelle-Aquitaine Département Gironde Arrondissement Blaye Intercommunalité Communauté de communes du Grand Cubzaguais Maire Mandat Alain Guillaume Montangon 2020-2026 Code postal 33240 Code commune 33183 Démographie Gentilé Gauriaguetains Populationmunicipale 1 478 hab. (2021 ) Densité 275 hab./km2 Géographie Coordonnées 45° 02′ 24″ nord, 0° 23′ 28″ ouest Altitude Min. 23...

 

Not to be confused with Hertfordshire. For the UK Parliamentary constituency (abolished 1885), see Herefordshire (UK Parliament constituency). County of England Ceremonial county in EnglandHerefordshireCeremonial countyThe River Wye at Hereford, with Hereford Cathedral on the left; the Norman south door of Kilpeck Church; and Hereford cattleMotto(s): Pulchra terra Dei donum (This fair land is the gift of God)Coordinates: 52°05′N 2°45′W / 52.083°N 2.750°W /...

此条目序言章节没有充分总结全文内容要点。 (2019年3月21日)请考虑扩充序言,清晰概述条目所有重點。请在条目的讨论页讨论此问题。 哈萨克斯坦總統哈薩克總統旗現任Қасым-Жомарт Кемелұлы Тоқаев卡瑟姆若马尔特·托卡耶夫自2019年3月20日在任任期7年首任努尔苏丹·纳扎尔巴耶夫设立1990年4月24日(哈薩克蘇維埃社會主義共和國總統) 哈萨克斯坦 哈萨克斯坦政府...

 

Konsul-Jenderal Australia di BaliPetahanaHelena Studdertsejak 18 Desember 2015KediamanDenpasarSitus webKonsulat-Jenderal Australia di Bali Konsul-Jenderal Australia di Bali mewakili Australia di provinsi-provinsi Bali dan Nusa Tenggara Barat. Konjen tersebut memiliki kantor di Denpasar.[1] Konsul-Jenderal M.D. Mann (1981–1983) R.M. Gardiner (1984–1985) K.R. Thornton (1986) K.J. McMahon (1989–1991) S.K Daly (1992–Februari 1995) G.A. Fraser (Maret 1995–?) Ross Tysoe (Janu...

 

1917-1953 junior ministerial position in the United Kingdom Not to be confused with the Secretary of State for International Trade. Sir Hamar Greenwood, Bt, later Viscount Greenwood, who served as Secretary for Overseas Trade between 1919 and 1920. The Secretary for Overseas Trade was a junior Ministerial position in the United Kingdom government from 1917 until 1953, subordinate to the President of the Board of Trade. The office was replaced by the Minister of State for Trade on 3 September ...

City in England For other places with the same name, see Newcastle. City and metropolitan borough in EnglandNewcastle upon TyneCity and metropolitan boroughThe Quayside, with the Tyne Bridge to the left and the Millennium Bridge to the centre rightThe City CentreThe CastleGrainger TownTheatre RoyalSt Mary's RC CathedralThe Civic Centre Coat of armsNickname: The ToonMotto(s): Latin: Fortiter Defendit Triumphans, lit. 'Triumphing by Brave Defence'Newcastle shown within T...

 

Miss RéunionTypeBeauty pageantHeadquartersRéunion, FranceMembership Miss FranceOfficial language FrenchRegional directorAziz PatelWebsitewww.missreunion.fr Miss Réunion is a French beauty pageant which selects a representative for the Miss France national competition from the overseas region of Réunion. The competition was first held in 1957, but was not organized regularly until 1974. The current Miss Réunion is Mélanie Odules, who was crowned Miss Réunion 2023 on 26 August 2023. Two ...

 

Point of reference in Euclidean space The origin of a Cartesian coordinate system In mathematics, the origin of a Euclidean space is a special point, usually denoted by the letter O, used as a fixed point of reference for the geometry of the surrounding space. In physical problems, the choice of origin is often arbitrary, meaning any choice of origin will ultimately give the same answer. This allows one to pick an origin point that makes the mathematics as simple as possible, often by taking ...

Concept in criminology Criminology and penology Theory Anomie Biosocial criminology Broken windows Collective efficacy Crime analysis Criminalization Differential association Deviance Expressive function of law Labeling theory Psychopathy Rational choice Risk & actuarial criminology Social control Social learning Strain Subculture Symbolic interactionism Victimology Major theorists Émile Durkheim Hans Eysenck Enrico Ferri Michel Foucault Alexandre Lacassagne Cesare Lombroso Archibald Rei...

 

Branch of semiotics and anthropology concerning societal norms, behaviors and artifacts This article is about culture. For Cultural Theory, see Cultural Theory of risk. Not to be confused with cultural studies. This article has multiple issues. Please help improve it or discuss these issues on the talk page. (Learn how and when to remove these messages) This article includes a list of references, related reading, or external links, but its sources remain unclear because it lacks inline citati...

 

この項目では、銃の一種、カービン銃について説明しています。オセアニアの競走馬については「カーバイン」を、楽器・音響機器メーカーについては「CARVIN」をご覧ください。 この記事は検証可能な参考文献や出典が全く示されていないか、不十分です。 出典を追加して記事の信頼性向上にご協力ください。(このテンプレートの使い方)出典検索?: カービン...

Law enforcement agency from 1913 to 1994 For the post-apartheid police force, see South African Police Service. For the former police force in Rhodesia, see British South Africa Police. This article needs additional citations for verification. Please help improve this article by adding citations to reliable sources. Unsourced material may be challenged and removed.Find sources: South African Police – news · newspapers · books · scholar · JSTOR (Novembe...

 

Residential in Bangkok, ThailandThe MetThe MetGeneral informationTypeResidentialLocationBangkok, ThailandCoordinates13°43′19.3″N 100°32′2.9″E / 13.722028°N 100.534139°E / 13.722028; 100.534139Construction started2005Completed2009HeightAntenna spire228.0 metres (748.0 ft)Roof228.0 metres (748.0 ft)Technical detailsFloor count66Design and constructionArchitect(s)WOHA, Tandem ArchitectsAwards and prizesInternational Highrise Award 2010 The Met is a 6...