Als Plutinoen, net ze verwiessele mat Plutoiden, ginn an der Astronomie déi Objete vun der Kuiperceinture bezeechent, deenen hir Bunnelementer mat deene vum Pluto vergläichbar sinn. Déi Ëmlafbunne ginn duerch eng 3:2-Resonanz zu der Ëmlafbunn vum Planéit Neptun stabiliséiert, dat heescht, wärend dräi Neptunëmleef ëmronne se d'Sonn zweemol. Duerch déi Synchroniséierung ginn enk Rendez-vouse mam Neptun ënnerlooss, soudatt am Ëmkrees vum Riseplanéit nëmme sou Bunnen op laang Dauer stabil sinn.
Déi éischt véier Plutinoe goufen hannereen a véier Deeg vum 14. bis de 17. September1993 entdeckt, – 63 Joer nom Pluto. Am Ament gëtt d'Zuel vu grousse Plutinoen (iwwer 100 km) op méi wéi 1000 geschat. Dës Schätzunge sinn awer nach ganz onsécher, well et nëmme ganz wéineg Daten iwwer d'Kuiperceintureobjete gëtt.
Méiglech Genesis
Wärend dem Entstoe vum Sonnesystem goufe Planéitesimaler vun de Gasplanéiten an de baussenzege Beräich (Kuiperceinture an Oort-Wollek) geschleidert, wouduerch sech dem Neptun seng Ëmlafbunn vergréissert hat. Mat Simulatiounsrechnunge konnt nogewise ginn, datt en dobäi op sengem Wee aner Objeten an der 3:2-Resonanz wéi e Schnéiplou viru sech hi „geschubst“ hat.