Pierre Kemp

Pierre Kemp
Gebuer 13. Oktober 1841
Sandweiler
Gestuerwen 19. Juli 1895
Lëtzebuerg
Aktivitéit Architekt
Famill
Kanner Alphonse Kemp
D'Familjegraf um Nikloskierfecht.

De Pierre Kemp, gebuer den 13. Oktober[1] 1841 zu Sandweiler op der Neimillen, a gestuerwen den 19. Juli 1895 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Architekt. 1880 huet hien zesumme mam Pierre Funck de Concours gewonne fir de Casino Luxembourg an der Ënneschtgaass ze bauen. Op Basis vun de Pläng vum Tony Dutreux (1838-1933), huet hien tëscht 1886 an 1892, zesumme mam Pierre Funck (1846-1932), d'Bauaarbechte vun der Fondation Pescatore ausgeféiert.

Hie war de Papp vum Architekt Alphonse Kemp (1872-1950).

Bauwierker

Literatur

  • Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 158

Referenzen an Notten

  1. Sou de Gebuertsakt: ANLux CT-03-02-1254, Sandweiler - naissances, 1841, n° 33; cf. d'Diskussioun:Pierre Kemp.