Beim Bau vun der Fondation Pescatore huet hien, zesumme mam Pierre Kemp, d'Aarbechte geleet. A Loutrengen huet en eng ganz Rëtsch Gebaier fir Schmelzen an hir Direktioune gebaut, an zu Saarbrécken an zu Metz d'Haiser vun der Banque Internationale. Och eng ganz Rei Haiser zu Lëtzebuerg si vun him geplangt ginn, sou z. B. d'Servais-Haus um Stater Boulevard Royal oder de Conrotseck um Krautmaart.
Den Pierre Funck huet och eng Rei Patenter déposéiert. Sou huet hien zesummen mam Mannheimer Ingenieur an Architekt Peter Bender, Patenter ugemellt fir d'Äiskellere vun de Brauereien ze killen.[16],[17]
Mam Jean-Pierre Cito huet hi Patenter ugemellt fir d'Kupplunge vun der Eisebunnsgefierer méi sécher ze maachen.[18],[19],[20],[21],[22],[23],[24]
De Pierre Funck ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen, zesummen am Familljegraf mat sengem Schwéierpapp, dem Jean-François Eydt, a sengem Fils, dem Paul Funck.
Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 159
Philippart, R., 2007. Pierre Funck (1846-1932). In (S. 116): Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8
Kunnert, Jemp, 1987. Les architectes de la ville de 1817 à 1987. ons stad 24, S. 6-10. [1]
↑Pierre Gilbert, La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, S. 159