Si steet zentral an der Uertschaft un der Escher Strooss, der N13.
Geschicht
1887 gouf ugefaangen eng nei Kierch zu Beetebuerg ze bauen, dëst am post-romane Stil no de Pläng vum Pierre Kemp. Se huet ee Mëttel- an 2 Säiteschëffer, den Tuerm steet iwwer der Entréesdier. D'Konsekratioun war de 17. Oktober 1889.
Kierch vu bannen
1904 gouf de barockenHéichaltor duerch een aus Marber vum Jean-Pierre Koenig ersat (op dësem steet haut den Tabernakel). De Volleksaltor ass och aus Marber a staamt vum Charles Kohl. De Kräizwee vun 1963 huet den Émile Hulten sculptéiert. An den Endnische vun de Säiteschëffer sinn nach d'Wandmolereien aus der Ufankszäit erhalen. Um westleche Säitenaltor steet eng barock Assumpta Statu aus dem Joer 1722.
Des Weidere steet och nach e Renaissance Grafsteen aus dem 17. Joerhonnert an der Kierch, de sougenannte Monument Heinsberg-Lellich.
Fënsteren
Déi abstrakt Fënsteren am Chouer si vum Frantz Kinnen aus dem Joer 1970.
Déi op de Säite goufen 1952 fäerdeggestallt a weisen déi 10 Titele vun der Muttergottes als Kinnigin. Se si vum Nicolas Brücher entworf ginn.
D'Dekanatskierch krut 1959 eng nei Uergel aus der Manufaktur vum Uergelbauer Nik. Loewen vu Lëntgen. Déi nei Uergel hat eng elektresch Traktur a war sou opgebaut:
D'Uergel gouf 1975 vum Uergelbaumeeschter Herbert Schmidt vu Miersch restauréiert.
1994 gouf d'Wierk vum Uergelbaumeeschter Ulrich Lohmann vu Münster a Westfalen renovéiert.
2010 gouf se vum Uergelbaumeeschter Thomas Gaida aus dem Saarland nees eng Kéier renovéiert. Bei där Geleeënheet huet d'Uergel en neie Spilldësch an eng 32'-Bombard kritt.
Klacken
Am Tuerm vun der Kierch vu Beetebuerg hänken 3 grouss Klacken.
Déi grouss Klack (Toun Do) ass dem Christkinnek an der Mariakinnigin geweit. Se huet e Gewiicht vun 2.640 Kilo a gouf 1927 zu Saarbuerg an der Klackegéisserei Mabilon gegoss.
Déi Mëttelgrouss Klack (Toun Re) ass dem Christkinnek geweit. Se huet e Gewiicht vu 1.00 Kilo a gouf 1948 vun der Klackegéisserei H. Rüetschi vun Arau an der Schwäiz, gegoss.
Déi kleng Klack (Toun Mi) ass dem hellegen Niklos geweit. Se huet ee Gewiicht vun 1.100 Kilo a gouf 1948 vun der Klackegéisserei Rüetschi gegoss.
Dafkapell
An der Dafkapell vun 1934 steet en Dafstee vu 1622 mat engem aachteckege Fouss. De Mosaik vun engem onbekannte Kënschtler weist d'Daf vum Jesus am Jordan.
Literatur
Broschür 100 Joer Betebuerger Dekanatskierch (1989)