Dëse Molereisartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Hien huet abstrakt Wierker geschaf. De Frantz Kinnen hat zwar e schwierege Charakter, mä hie war eng staark Perséinlechkeet. De Wenzel Profant, en anere Lëtzebuerger Moler a Sculpteur, war säi Frënd an ass gutt mat him eens ginn.
Säi Wierk (Auswiel)
"Envol", eng Monumentalskulptur aus Stol, deen ugestrach ass, aus dem Joer 1965. Se steet bei der Diddelenger Wolkeschdall-Schoul.
Zwou polychrom Fënsteren an der Primärschoul am Quartier Italien zu Diddeleng (1955).
D'Glasmolereien am Mëttelportal, an zwou kleng Fënsteren an der Diddelenger Parkierch St. Martin.
D'Fënstere vun der Eligiuskapell zu Diddeleng op der Schmelz (1964).
Buedemmosaik am "Centre sportif René Hartmann" vun 1973.
Bas-reliefen op béide Säite vun der Bün vum Musekskiosk am Diddelenger "Park Le'h" vun 1963.
Zwéi Polyptychone mat jee fënnef Panneauen aus faarwegem Glas an der Diddelenger Post
Zwou Fënsteren am Veräinshaus an der Diddelenger A. Zinnen-Strooss, aus faarwegem Glas, dat a Bëtong gefaasst ass. Dat Wierk ass vun 1977.
Eng metalle Skulptur, déi ugestrach ass, um Square an der Diddelenger Jean-Jaurès-Strooss
Am Kader vum Centenaire vun der Stad Diddeleng, koum eng Serie vu 35 Skulpturen eraus, déi an der Géisserei Massard, zu Keel aus Bronze gegoss goufen. De Modell dovun, eng abstrakt Figur, gouf vu senger Duechter der Mme Alice Deutsch-Kinnen zur Verfügung gestallt. De Präis war 1.200 Euro.
De Frantz Kinnen huet och eng Rei vu Lëtzebuerger Käppercher entworf.
RODANGE Michel / KINNEN Frantz: RENERT A BILLER, 320 Säiten, a Lénge gebonnen, 21 × 30 cm. Zweet Oplo 1997. Fir den 125. Anniversaire vun dësem grousse Lëtzebuerger Klassiker ass déi eemoleg Luxusausgab "Renert a Biller" vum Frantz Kinnen an neier Oplo erouskomm