De Messier 84 (och bezeechent als NGC 4374) ass eng 9,2 mag hell Galaxie mat enger Flächegréisst vu 6',0 × 5',4 am Stärebild Virgo.
Den M84 läit am Zentrum vum Virgo-Galaxiëkoup an der Noperschaft vun der Risegalaxie Messier 87 an ass ongeféier 60 Millioune Liichtjoer vun eis ewech. Fréier gouf hiren Typ an der Hubble-Sequenz mat E1 (elliptesch ofgeplatt) uginn. Modern Auteure ginn awer dovun aus, datt et sech ëm eng lënsefërmeg Galaxie vum Typ S0 handelt, op déi mer praktesch frontal kucken.
Den M84 markéiert den Ufank vun der sougenannter Markarjan-Ketten, enger Grupp vu Galaxien an engem Gebitt vu ronn 1,5 Grad Duerchmiesser.
De Messier 84 gouf den 18. Mäerz 1781 vum franséischen Astronom Charles Messier entdeckt.
Supernovae
Kuckt och
Portal Astronomie
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 SIMBAD
- ↑ 2,0 2,1 SEDS
- ↑ 3,0 3,1 The Virgo Cluster