De Messier 15 (M15) (och als NGC 7078 bezeechent) ass e +6,40 mag helle Kugelstärekoup mat enger Ausdeenung vun 12,3' × 12,3' am Stärebild Pegasus. An ass 34.000 bis 39.000 Liichtjoer vun der Äerd ewech, de richtegen Duerchmiesser huet zirka 130 Liichtjoer. Déi hellst vu sengen op d'mannst 500.000 Stären erreechen eng visuell Magnitude vun 12,6 mag.
De Stärekoup gouf de 7. September 1746 vum Giovanni Domenico Maraldi entdeckt.
De Messier 15 ass deen éischte Kugelstärekoup, an deem e Planetareschen Niwwel entdeckt gouf: 1928 de Pease 1. Hien enthält och nach néng Pulsare – Reschter vu Supernovaen aus der Zäit, wou den M15 nach jonk war. Außerdeem gehéiert hien (nieft dem Messier 3 an dem Omega Centauri) zu de Kugelstärekéip mat deene meeschte verännerlech Stäre; bis elo sinn 112 identifizéiert.
Kuckt och
Portal Astronomie
Um Spaweck