Den Niwwel ass den Iwwerrescht vun engem Stär, dee viru ronn 20.000 Joer säi baussenzege Gasmantel ofgesprengt huet. De Gasmantel dehnt sech mat enger Vitess vun 19 km/s aus, an huet am Ament (2014) e Wénkelduerchmiesser vun zirka 118 Bousekonnen, wat bei enger Distanz vun 2.300 Liichtjoer en absolutten Duerchmiesser vun zirka 1,3 Liichtjoer bedeit. Am Teleskop erschéngt den Niwwel rankfërmeg. Tatsächlech bilt de siichtbare Gasmantel kee Rank am Raum, awer gläicht engem Torus. Am Zentrum vum Niwwel ass ee Wäissen Zwergstär mat enger Temperatur vun zirka 70.000 °C an enger visueller Magnitude vu 15,8 mag.
Den M 57 ka relativ liicht fonnt ginn, well hie bal an der Mëtt vun der Verbindungslinn vun de Stäre β an γ Lyrae steet.
Den Darquir huet d'Ausgesi vun dësem Niwwel mat engem Planéit verglach, wat den Astronom Wilhelm Herschel dozou bruecht huet, dësen Typ vun Niwwel als planetareschen Niwwel ze bezeechnen.
Ausgesinn
Den M 57 ka scho mat engem klengen Teleskop vu 10 cm Ëffnung als „Rankniwwel“ gesi ginn.
Den Zentralstär ass mat enger visueller Magnitude vu 15,8m allerdéngs liichtschwaach. Fir hien ze gesi brauch ee schonn en Teleskop mat enger Ëffnung vu 40 cm.