NGC 6171, C 1629-129, GCl 44, GC 4211, h 3637,H 6.40
De Messier 107 (och als NGC 6171 bezeechent) ass e +8,10 mag helle Kugelstärekoup am StärebildOphiuchus. De Kugelstärekoup huet eng zimmlech oppe Struktur a seng Randgebitter erstrecke sech, wéi op laangbeliichte Fotoen ze gesinn ass, bis zu engem Duerchmiesser vun 13'. Seng Distanz zu eis ass ongeféier 21.000 Liichtjoer. Den M107 ass wéinst senger südlecher Positioun fir Beobachter a Mëtteleuropa éischter onattraktiv.