De Kale (och Jupiter XXXVII) ass ee vun de klenge bausenzege Mounde vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
De Kale gouf den 9. Dezember 2001 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt a krut déi virleefeg Bezeechnung S/2001 J 8.
De Mound gouf no der Kale, enger vun de Chariten aus der griichescher Mythologie, genannt.
Bunndaten
De Kale kreest a 729 Deeg, 11 Stonnen a 17 Minutten op enger mëttlerer Distanz vun 23.217.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2599. Mat enger Schréi vun 164,996° ass d'Bunn retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt de Kale der Carme-Grupp, déi nom Jupitermound Carme benannt gouf, zougeschriwwen.
Physikalesch Daten
De Kale huet e mëttleren Duerchmiesser vu ronn 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hie besteet warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs. En huet eng ganz däischter Uewerfläch, a seng Albedo ass 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 23,0m.
Kuckt och
Portal Astronomie
Um Spaweck
|
---|
Grouss Mounden | |
---|
Mat Numm | |
---|
Ouni Numm | |
---|
Gruppen | |
---|
Kuckt och | |
---|