De Mound gouf no der NymphHimalia, enger Frëndin vum Zeus aus der griichescher Mythologie genannt. Den offiziellen Numm gouf eréischt 1975 verginn, virdru gouf den Himalia als Jupitermound VI bezeechent.
Bunndaten
Den Himalia kreest ëm de Jupiter op engem mëttleren Ofstand vun 11.461.000 km an 250,56 Deeg. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun ongeféier 0,16 an ass mat 27,5° géigeniwwer der lokaler Laplace-Fläch, déi ongeféier mat dem Bunneplang vum Jupiter zesummefällt, gebéit.
De Mound Himalia ass de gréisste Member vun enger Grupp vu Mounden, déi sech op änleche Bunnen ëm de Jupiter beweegen an där hien den Numm ginn huet. Zu der Himalia-Grupp gehéieren d'Mounde Leda, Himalia, Lysithea an den Elara.
Physikalesch Donnéeën
De Mound Himalia huet e mëttleren Duerchmiesser vun 170 km. Seng d'Dicht ass mat 2,6 g/cm³ relativ héich, wat drop hiweist, datt hien haaaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut ass. Seng Uewerfläch ass ganz däischter a seng Albedo ass 0,04. A 7 Stonnen 46 Minutten a 55±2 Sekonne rotéiert hien ëm seng eegen Achs.[1]
Den 19. Dezember2000 hat d'RaumsondCassini Fotoe vum Himalia op d'Äerd geschéckt, wéi si de Jupiter op hirem Wee zum Saturn passéiert hat. Well déi Fotoen aus enger grousser Distanz gemaach goufen, si keng Eenzelheeten op der Uewerfläch z'erkennen.