Den Hegemone (oder Jupiter XXXIX) ass ee vun de klengste Mounde vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
Den Hegemone gouf den 8. Februar 2003 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt, a krut ufanks déi virleefeg Bezeechnung S/2003 J 8. Den 30. Mäerz 2005 krut de Mound vun der IAU den offiziellen Numm Hegemone, no enger vun den Chariten aus der griichescher Mythologie.
Bunndaten
Den Hegemone kreest an enger Zäit vu 739 Deeg, 14 Stonnen a 24 Minutten op enger mëttlerer Distanz vun 23.947.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,3276. Mat enger Inklinatioun vun 155,214° ass d'Bunn retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Hegemone zu der Pasiphae-Grupp gezielt.
Physikalesch Daten
Den Hegemone huet en Duerchmiesser vu ronn 3 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut.
Hien huet eng ganz däischter Uewerfläch an eng Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 22,9m.
Kuckt och
Portal Astronomie
Um Spaweck
|
---|
Grouss Mounden | |
---|
Mat Numm | |
---|
Ouni Numm | |
---|
Gruppen | |
---|
Kuckt och | |
---|