Vun 1807 bis 1810 huet den Théodore de la Fontaine Droit zu Paräis studéiert a gouf am selwechte Joer Affekot um Barreau an der Stad Lëtzebuerg.
Politesch Karriär
1816 gouf hie Member vun den États provinciaux. Wéi d'Belsch Revolutioun ausgebrach ass, stoung hien op der Säit vum Wëllem I. vun Holland a war an der Regierungskommissioun, déi d'Stad Lëtzebuerg kontrolléiert.
Vun 1841-1848 war hie Gouverneur vum Grand-Duché. Den 1. August 1848 gouf hien deen éischte Regierungspresident vu Lëtzebuerg, a war gläichzäiteg fir d'Aussebezéiungen, d'Justiz an de Kultus zoustänneg. Mä schonn den 2. Dezember fält d'Regierung.
Den de la Fontaine war vun 1849 bis 1851 am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.
Den 28. November 1857 gouf hie President vum nei gegrënnte Staatsrot, a blouf dat bis den 10. Abrëll 1868[2].
1871 ass den de la Fontaine an der Stad Lëtzebuerg a senger Wunneng um Knuedler gestuerwen. Hien ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.
Soss
Hien huet sech de 25. Juni 1816 (net 1815, wéi een sou dacks liest) zu Déifferdang mat der Joséphine Francq bestuet. D'Hochzäitsmass war dee selwechten Dag an der Parkierch zu Uewerkuer.[3]