Jean-Pierre Urwald

Jean-Pierre Urwald
Gebuer 29. Januar 1905
Gréiwemaacher
Gestuerwen 20. Januar 1994
Gréiwemaacher
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Fonctioun Buergermeeschter zu Lëtzebuerg


De Jean-Pierre Urwald, gebuer den 29. Januar 1905 zu Gréiwemaacher[1] an do gestuerwen den 20. Januar 1994[2], war e lëtzebuergeschen CSV-Politiker.

1969 war hie fir d'éischt als Vertrieder vum Ostbezierk an d'Chamber gewielt ginn. 1974 an 1979 ass hien erëmgewielt ginn.

Hie war vun 1970 bis 1976 Buergermeeschter vun der Stad Gréiwemaacher, vun 1971 un President vun de pensionéierten Handwierker an der Fédération des Artisans a spéider Alterspresident an der Chamber um Krautmaart. Besonnesch huet hie sech agesat fir de Mëttelstand, fir d'Rentewiesen a fir d'Handwierk.

Hie koum aus enger aler Handwierkerfamill. Bei sengem Papp huet hien de Beruff vum Woner geléiert a sech mat der Zäit op de Karrosseriebau spezialiséiert. Niewebäi war hien och Wënzer.

Gielercher

Referenzen

  1. De Jean-Pierre Urwald op www.deltgen.com
  2. Hommage un de Jean-Pierre Urwald an der 26. Sëtzung vun der Chamber vum Chamberjoer 1993-94 den 20. Januar 1994]
  3. Ehrung verdienstvoller Persönlichkeiten des Handwerks am Luxemburger Wort vum 1. Juli 1976 op der Säit 9 op eluxemburgensia.lu
  4. (de)E. R., Jean-Pierre Urwald erhielt Bundesverdienstkreuz. Luxemburger Wort. eluxemburgensia (14. November 1980). Gekuckt de(n) 25.01.2023.