1849
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1849.
Evenementer
Europa
- 9. Februar: Am Kierchestaat rifft, am Kader vum Risorgimento, den Giuseppe Mazzini d'Réimesch Republik aus. Si gëtt direkt dono, duerch den Agrëff vu franséischen a spueneschen Truppe bis den 3. Juli mat Gewalt néiergeschloen; de Poopst Pius IX. kritt seng weltlech Muecht zeréck.
- 7. Mäerz: De Reichstag an Éisträich-Ungarn gëtt opgeléist.
- 12. Mäerz: D'Kinnekräich Sardinien-Piemont erkläert Éisträich de Krich, well d'Deputéiertechamber an d'Vollek wëllen, datt de Kampf fir d'Onofhängegkeet an Norditalie wärend dem Risorgimento virugoe soll.
- 23. Mäerz: An der Schluecht bei Novara gewannent d'Éisträicher géint déi italieenesch Opstännesch a behalen einstweilen hir Dominanz an Norditalien.
- 27. Mäerz: D'Frankfurter Nationalversammlung hëlt d'Paulskirchenverfassung un.
- 28. Mäerz: Bei de Reichswalen am Frankfurter Parlament stëmmen och déi Lëtzebuerger Deputéiert fir de Kinnek vu Preisen, de Friedrich-Willhelm IV..
- 4. Abrëll: An der Ungarescher Revolutioun gewannen d'Rebellen an der Schluecht bei Tápióbicske géint déi éisträichesch Truppen.
- 5. Juni: Dänemark gêtt sech eng éischt Verfassung.
- 18. Juni: D'Kinnigin Maria II. vu Portugal ernennt trotz Protester den Markgrof vun Tomar op en Neits als Nofollger vum Herzog vu Saldanha zum Ministerpresidenten.
- 13. August: Am Onofhängegkeetskrich an Ungarn kapituléiert d'Arméi ënnert dem Generol Artur Görgey géintiwwer de russeschen Truppen. Am Kader vun der Helleger Allianz schlagendchloen dës, zesumme mat éisträicheschen Unitéiten, d'Revolutioun vun de Magyaren néier.
- 6. Oktober: De Lajos Batthyány, an Ungarescher Revolutioun éischten ungaresche Ministerpresident, gëtt zu Pest exekutéiert, an och 13 Leadere vum Opstand ginn zu Arad higeriicht.
- 18. November: D'Kinnekräich Kroatien a Slawonien gëtt vun Ungarn ofgetrennt a gëtt e separat Krounland an der Habsburgermonarchie.
Lëtzebuerg
Afrika
Amerika
USA
Südamerika
Asien
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
Konscht a Kultur
Molerei
Literatur
Musek
Wëssenschaft an Technik
Gebuer
- André Koch, lëtzebuergesche Mineningenieur.
- 18. Februar: Jérôme-Eugène Coggia, franséischen Astronom.
- 23. Februar: Joseph Brincour, lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
- 28. Mäerz: James Darmesteter, franséische Schrëftsteller an Orientalist.
- 17. Juni: William Henry Finlay, südafrikaneschen Astronom.
- 19. Juni: Charles-André Engel, lëtzebuergesche Journalist.
- 06. August: Zephyrin Biever, lëtzebuergeschen Dominikanerpater.
- 16. August: Amaury vu Marchant an Aansebuerg (1849), Grof vun Aansebuerg.
- 09. September: Pierre-Éloi Schoué, lëtzebuergesche Politiker, Botaniker an Apdikter.
- 26. September: Iwan Petrowitsch Pawlow, russesche Physiolog a Komportementsfuerscher; Nobelpräisdréier.
- 27. September: Émile Claus, belsche Moler.
- 10. November: Adam Reiners, lëtzebuergesche Geeschtlechen an Auteur.
- 10. Dezember: Prosper-Mathieu Henry, franséischen Astronom.
Gestuerwen
Um Spaweck
|
|