D'AVL-Linnen CN1 – CN8 si Buslinnen déi ënner der Bezeechnung City Night Bus vun de Stater Bussen organiséiert ginn.
De Weekend – an den Nuechte vu freides op samschdes a vu samschdes op sonndes – fueren déi Linnen an der Stad an et kann een dovu profitéiere fir an e Restaurant, Café oder eng Disko ze goen ouni mussen eng Parkplaz ze sichen.
D'Linn CN1 fiert all véierel Stonn (tëscht Hallefnuecht an dräi Auer, all 10 Minutten) vum P+RBouillon iwwer d'Gare, d'Stad, de Glacis bis a Clausen a weider op den Zens. Déi Linn mécht haaptsächlech d'Verbindung tëscht den eenzele Plaze wou gefeiert gëtt.
No Hallefnuecht huet d'Linn CN1 all hallef Stonn um Hamilius Uschloss un d'Linnen CN2, CN3, CN4, CN5, CN6, CN7 an CN8. Déi 8 Linne fueren all als Ronnfaart vum Hamilius aus an déi verschidde Quartiere vun der Stad.