D'Linn 3 huet 26 Halten an all Richtung a se fiert all Dag an engem Takt vun enger hallwer Stonn. Tëscht Bouneweg an der Uewerstad fiert se parallel mat de Linne 5 an 33[1]. Sonndes fiert d'Linn 3 just op zwéin Deelstécker: engersäits vum Houwald bis op Bouneweg, LTB, wou en Uschloss un d'Linn 5 a Richtung Stad besteet an anersäits vu Beggen bis an d'Stad.
Duerch eng Zesummenaarbecht mat der Gemeng Hesper kann d'Linn 3 iwwer d'Gemengegrenz vun der Haaptstad bis op den Houwald verlängert ginn; se gëtt net vum Nohaltegkeetsministère subventionéiert.
Halten op der Linn 3
(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi s'am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)
Mat der selwechter Linnennummer goufe follgend Trajete gefuer:
vum 10.07.1960 un: Gare - av. Monterey - Lampertsbierg (av. V. Hugo) - av. de la Faïencerie - av. Monterey - Pont Adolphe - Gare
1971 - 1992: Gare - Stad - Lampertsbierg
1992 - 2001: Bouneweg, Rangwee - Wallis-Plaz - Stad - Lampertsbierg/av. de la Faïencerie
2001 - 2015: Lampertsbierg, Lycée Michel Lucius - Stad - Bouneweg, LTB; verschidde Faarte bis op den Houwald, Waassertuerm
01.06.2015 - 12.12.2020: Lampertsbierg, Lycée Michel Lucius - Stad - Bouneweg - Houwald, Waassertuerm
Vum Lampertsbierg bis op d'Gemengegrenz am Rangwee ass d'Linn 3 parallel mat der Linn 30 gefuer. De 14. August 2018 ass den Trajet am Stadzentrum liicht geännert ginn. D'Linn 3 fiert vun deem Dag un iwwer de Boulevard Royal an d'Neipuertsgaass amplaz iwwer d'Stäreplaz an d'Montereysavenue.
D'Linn 3 hat 24 Halten um Aller an der 25 um Retour a ass wiertes all 20 Minutte gefuer; duerch de parallellen Trajet mat der Linn 30 tëscht dem Lampertsbierg a Bouneweg gouf et do all 10 Minutten a Bus. Samschdes a sonndes ass se all hallef Stonn gefuer. Den Terminus Houwald, C.I.P.A. gouf nëmme sonndes mat e puer Faarten ugefuer.
03.12.2020 - 09.12.2023: deselwechten Trajet Houwald, Waassertuerm - Beggen, Henri Dunant an zeréck wéi zanter dem 10. Dezember 2023, awer mat vereenzelte Faarte bei de C.I.P.A. um Houwald a mat zousätzleche Faarten tëscht der Houwalder Kierch an dem Glacis (Halt Theater); béid Variante ginn zanterhier vun der Linn 33 gefuer. Den 11. September 2022 gouf den Trajet zu Bouneweg liicht ugepasst, fir datt de Pôle d'échange Lycée Bouneweg ugefuer konnt ginn.