D'AVL-Linn 9 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 13. Dezember2020 um Trajet Hamm, rue de Bitbourg - Bouneweg - Gare-Rocade - Stad - Clausen - Neiduerf - Zens, Waassertuerm an huet 29 Halte pro Richtung.
Um Zens huet se den Terminus zesumme mat der Linn 14 an zu Hamm mat de Linne 25 a 27.
D'Linn gëtt gréisstendeels mat Elektro-Hybrid oder Elektrobussen assuréiert. Um Terminus um Zens ass eng Opluetstatioun wou d'Bussen nees opgeluede ginn.
Halten op der Linn 9
(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi s'am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)
Mat der selwechter Linnennummer goufe follgend Trajete gefuer:
vum 01.11.1952 ass d'Neiduerfer Linn op der Streck Fëschmaart - Clausen - Neiduerf an zeréck gefuer; vum 01.10.1962 un gouf se als Linn 9 bezeechent.
1971 - 1980: Gare - Stad - Clausen - Neiduerf
1980 - 1983: Gare - Stad - Clausen - Neiduerf - Fluchhafen
1983 - 1990: Gare - Stad - Clausen - Neiduerf - Fluchhafen - Sennengerbierg - Nidderaanwen
1990 - 2015: Gare - Stad - Clausen - Neiduerf - Findel - Flughafen - Sennengerbierg, Charlys Statioun
Juni 2015 - Mäerz 2016: Zens/Waassertuerm - Neiduerf - Clausen - Stad - Gare - Bouneweg - (Houwald). D'Linn 9 gouf als sougenannt "Kombilinn" gefuer, d. h. datt zwou RGTR-Linnnen (167 an 195) vun Izeg oder Peppeng zu Bouneweg op d'Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg koumen a vun do un um gemeinsamen Trajet als Linn 9 bis op den Zens gefuer sinn. De Fuerplang vun den zwou Linne war sou versat, datt um gemeinsamen Trajet vu méindes bis samschdes all 15 Minutten e Bus gefuer ass. D'Busse vun dëser "Kombilinn" haten och déi zwou Linnennummeren 9/167 oder 9/195 ugewisen