D'AVL-Linn 12 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Si fiert zanter dem 13. Dezember 2020 um Trajet Märel, Celtes - Conservatoire - Belair - Stad - Weimeschhaff - Kierchbierg, Chambre des Métiers an zeréck. Zesumme mat der betriblecher Halt Bricherhaff Nord huet se um Aller 30 an um Retour 29 Halten; wiertes fiert se all 20 a sonndes all 30 Minutten.
Halten op der Linn 12
(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi s'am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)
03.11.2019 - 12.12.2020: Märel/Celtes - Belair - Stad - Eech - Weimeschkierch - Dummeldeng, Parc de l'Europe
Wéinst dem Tramsschantje gouf den Trajet an der Uewerstad de 15. Oktober 2018 ugepasst: d'Linn 12 ass dunn a Richtung Dummeldeng net méi duerch d'Arsenalstrooss, awer iwwer d'Montereysavenue gefuer.