Judith vu Flandern, Louis II. vu Frankräich, Charles III. vun der Aquitaine, Karlmann, Lothat de Schlammen, Rothilde, Irmentrud, Hildegard, Gisla, Rotrude, Drogo, Pippin
Mat nëmme 6 Joer gouf de Charles 829 zum Dux Alemanniae ernannt. 838 gouf en zum Ënnerkinnek vun Neustrien (haut dat nërdlecht Frankräich) gekréint. Nom Doud vum Keeser Louis dem Frommen 840 an der zesumme mam Ludwig dem Däitschen errongener Victoire iwwer hiren eelste Brudder Lothaire I. an der Schluecht vu Fontenoy841 ass am Traité vu Verdun843 dee westlechen Drëttel vum Räich, vun de Pyrenäen bis bei d'Schelde un de Charles gefall. 848, nodeem säin NeveuPippin II. ofgesat gi war, huet e sengem Westfrankeräich och déi direkt Herrschaft iwwer d'Aquitaine iwwerdroen.
Nom Doud vu sengem NeveuLouis II. vun Italien875, dee keng Kanner hat, huet en deem säin italieenescht Kinnekräich geierft. Dozou huet och e groussen Deel vun der Bourgogne gehéiert, déi 863 nom Doud vu sengem Neveu Charles un de Louis gaange war. Hie gouf de 25. Dezember 875 zu Roum zum Keeser gekréint.