Den 'Ethelwulf war den eelste Bouf vum Kinnek Egbert vu Wessex an ass ëm d'Joer 800 op d'Welt komm. Nom Doud vu sengem Papp gouf den Ethelwulf Kinnek vu Wessex am Joer 839. Hien huet sech géint déi dänesch Invasioune misse wieren, déi ëmmer méi staark gi sinn. Dobäi konnt hie bei "Acleah" (warscheinlech dat haitegt Ockley) eng Victoire dovun droen. Den Ethelwulf huet och géint de Cyngen ap Cadell vu Wales gewonnen, zesumme mat der Hëllef vu Mercien. Nom Doud vu senger Fra mécht hie sech 855 op Pilgerfahrt op Roum, mat engem vu senge jéngste Bouwen, dem Alfred. Wéi hien 856 nees zeréck kënnt, gëtt hie vu sengem eelste Jong Ethelbald ofgesat. Hie stierft den 13. Januar858 a gouf fir d'éischt Kéier zu Steyning begruewen ier seng Läich op Winchester transferéiert gouf.
De gëllene Rank, deen hei um Bild ze gesinn ass, ass räich dekoréiert mat reliéise Symboler an dréit d'Inscriptioun Ethelwulf Rex. De Rank gouf 1780 zu Laverstock (Wiltshire) fonnt. Et gëtt ugeholl datt dëse Rank e Geschenk un e loyalen Dénger war.