Louis II. vu Frankräich

Louis II. vu Frankräich
Gebuer 1. November 846 jul.
Gestuerwen 10. Abrëll 879 jul.
Compiègne
Aktivitéit Monarch
Famill
Bestuet mat Ansgard vu Burgund, Adelheid vum Frioul
Papp Charles de Plakkapp
Mamm Irmentrud vun Orléans
Geschwëster Lothat de Schlammen, Charles III. vun der Aquitaine, Karlmann, Drogo, Pippin, Rothilde, Judith vu Flandern, Irmentrud, Hildegard, Gisla, Rotrude
Kanner Ludwig III., Carloman II., Karel den Eefalt, Ermentrud, Gisèle

De Louis II. genannt den Tuddeler, gebuer 846, gestuerwen 879 zu Compiègne, war deen eenzege Jong vum Charles II. dem Plakkapp, deen iwwerlieft hat.

Am Februar 856, wéi säi Papp nach gelieft huet, gouf e Kinnek, woubäi e warscheinlech Neustrien krut; am Mäerz 867 krut en d'Aquitaine als Ënnerkinnekräich. Nom Doud vu sengem Papp, de 6. Oktober 877, gouf en de 7. September 878 vum Poopst Jean VIII. zu Troyes zum Kinnek gekréint. Mä schonn dat Joer drop ass en zu Compiègne gestuerwen, wou en och begruewe gouf.

Nokommen

Éischt Bestietnes: am Mäerz 862 mat der Ansgarde, der Duechter vum Grof Harduin; 866 nees gescheet, d'Ansgarde ass op engem 2. November gestuerwen, méiglecherweis 879.

Zweet Bestietnes: géint 875 mat der Adelheid, der Duechter vum Adalhard, déi den 18. November warscheinlech 901 gestuerwen ass.

Um Spaweck

Commons: Louis II of France – Biller, Videoen oder Audiodateien