1380 huet de Charles V. eng Festung baue gelooss. Den 23. Mee 1430 gouf d'Jeanne d'Arc viru Compiègne vun de Burgunder gefaange geholl an den Englänner ausgeliwwert. Am Traité vu Compiègne goufe Frankräich a Schwede sech eens, wéi s'et mat Däitschland am Drëssegjärege Krich hale sollten.
Compiègne ass bekannt well do zweemol d'Armistice tëscht Frankräich an Däitschland ënnerschriwwe gouf:
Den 11. November 1918 gouf am Bësch vu Compiègne an enger Eisebunnsvoiture, dem spéider sougenannte Wagon de l'armistice tëscht dem franséische Maréchal Ferdinand Foch an dem däitsche Politiker Matthias Erzberger d'Enn vum Éischte Weltkrich ënnerschriwwen.
Den 22. Juni 1940 gouf do de Waffestëllstand tëscht dem Däitsche Räich a Frankräich ënnerschriwwen. Dat war express, fir Frankräich ze damiddegen, an de Waggon ass extra aus der Hal wou e stoung erausgeholl ginn an op déi selwecht Plaz gesat ginn, wéi 1918, fir datt den Hitler konnt seng Revanche genéissen. De Waggon gouf duerno an engem Cortège duerch Berlin gefouert.
Kuckeswäertes
den Théâtre Imperial;
d'Schlass vu Compiègne;
d'Kierch Saint-Jacques aus dem 12. Joerhonnert;
d'Liichtung bei Rethondes am Bësch vu Compiègnes, wou d'Armistice ënnerschriwwe gouf.
Sport
Zanter 1977 fiert d'Vëloscourse Paris-Roubaix vu Compiègne aus fort.