Dat huet zu groussem Gestreits ëm seng (spéider) Ierfschaft gefouert: Virun engem zweete Bestietnes war d'Situatioun sou wäit kloer: De Lothaire sollt d'Westräich kréien, de Ludwig Bayern an de Pippin d'Aquitaine. Dat hat de Louis de Frommen am Juli 817 an engem Dokument dat Ordinatio Imperii genannt gouf, festgeluecht. Mä wéi dann 823 – nodeem d'Irmgard gestuerwe war, an de Louis sech mat der Judith bestuet hat – de Charel (spéider "de Plakkapp" genannt) gebuer gouf, war déi Opdeelung a Fro gestallt. 829 huet de Louis säin Testament geännert, fir datt de Charel och en Deel sollt kréien. Dat huet deem senge Stéifbridder guer net an de Krom gepasst: se hu sech 830 géint hire Papp revoltéiert an d'Judith gouf an e Klouschter gespaart. Als Folleg dovu gouf d'Opdeelung nach eng Kéier revidéiert: De Keesertitel hat keen Nofollger, dofir krut jiddweree vun de Jongen en onofhängegt Kinnekräich. Mä dat war es net genuch: Am Juni 833 hunn d'Bridder sech nach eng Kéier rebelléiert, an de Louis, seng Fra Judith an de klenge Charel goufen agespaart. Mä 835 haten d'Bridder Sträit ënnereneen, an de Louis huet säi Keesertitel erëmkritt. Zwee Joer duerno hat hien e grousst Kinnekräich fir säi jéngste Jong Charel geschaaft, ganz zum Mëssfale vun deenen aneren Dräi. Nom Louis sengem Doud, 840, hunn d'Bridder sech nees bekricht, an 843, beim Traité vu Verdun, gouf d'Räich da fir Zerguttst opgedeelt.