|
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
|
Den (37) Fides (laténgeschfides f. „Trei, Glaaf“) ass en Asteroid vun der Haaptceinture. Hien huet eng relativ hell silikathalteg Uewerfläch.
Numm a Symbol
Zesumme mam Numm „Fides“ gouf „d'Zeeche vun engem Kräiz“ als Symbol virgeschloen, obschonn zanter 1851 agekreest Nummeren als Zeeche fir Asteroiden normal waren[1]. Dat am Originalvirschlag gedréckt Symbol gläicht engem laténgesche Kräiz, huet awer ronn, drëpsefërmeg erweidert Enner. Et war dat lescht vun engem Astronom virgeschloe Symbol fir en Haaptceinture-Asteroid. D'Symbol konnt sech an der wëssenschaftlecher Literatur net méi géint déi déizäit agekreest an haut ageklammert oder fräistoend Nummer duerchsetzen.
Aspekter
Stationär da réckleefeg |
Oppositioun |
Oppositioun Distanz |
Oppositioun Hellegkeet |
Stationär da rechtleefeg |
Konjunktioun
|
3. Mee 2013 |
25. Juni 2013 |
2,03649 AE |
11,4 mag |
18. August 2013 |
4. Februar 2014
|
25. August 2014 |
9. Oktober 2014 |
1,31958 AE |
9,8 mag |
23. November 2014 |
5. Juli 2015
|
22. Januar 2016 |
10. Mäerz 2016 |
1,64281 AE |
10,6 mag |
29. Abrëll 2016 |
29. Oktober 2016
|
Kuckt och
Portal Astronomie
Um Spaweck
- ↑ Johann Franz Encke: Berliner Astronomisches Jahrbuch für 1854. Berlin 1851, S. 389