Den (229762) Gǃkúnǁʼhòmdímà (2007 UK126) ass en transneptuneschen Objet.
Den Asteroid gouf am Oktober 2007 entdeckt.
Hie gehéiert zu der Kategorie vun de Scattered disk objects. Wéinst senger Gréisst ass den Asteroid en Zwergplanéitekandidat.
Bunneegenschaften
Den 2007 UK126 beweegt sech op enger relativ elliptescher Ëmlafbunn (Exzentrizitéit = 0,4919), mat enger Ëmlafdauer vun iwwer 634 Joer.
Mam Herschel-Weltraumteleskops (Instrument PACS) gouf den Duerchmiesser op 599 ± 77 km bestëmmt. Leider louche vum Spitzer-Weltraumteleskop (Instrument MIPS) keng Observatiounsdate vir, soudatt d'Modelléierung entspriechend Onsécherheeten opweist.
Zwergplanéitekandidat
Et ass warscheinlech, datt den 2007 UK126 wéinst senger Gréisst am hydrostatesche Gläichgewiicht ass, a sou ziimlech ronn ass. De Mike Brown klasséiert den 2007 UK126 als héichstwarscheinlechen Zwergplanéit an.
Mound
De Gǃkúnǁʼhòmdímà huet e Mound mat engem Duerchmiesser vun ongeféier 139 km, deen den Zentralkierper an 3,7 Deeg eemol ëmkreest. Bis elo konnt nach keng Berechnung vun der Mass vum System gemaach ginn.
Erfuerschung
No senger Entdeckung gouf de Gǃkúnǁʼhòmdímà och op eelere Fotoe vun 1982 erëmfonnt. An der Tëschenzäit ass den Objet 85-mol an 33 Joer observéiert ginn (Stand Okt. 2015), soudatt d'Bunnparametere relativ genee bekannt sinn.
Kuckt och
Portal Astronomie
Um Spaweck