Mat engem Duerchmiesser vun 250 km ass de Psyche ee vun de gréissten Asteroide vun der Haaptceinture. Den Asteroid huet eng relativ hell Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,12. A 4 Stonnen an 12 Minutte rotéiert hien eemol ëm seng eegen Achs.
Radarobservatioune weisen, datt de Psyche aus Eisen an Néckel besteet. Am Géigesaz zu aneren M-Klass-Asteroide konnt op der Uewerfläch kee Waasser oder waasserhaltegt Material nogewise ginn. Dat deit och op e metalleschen Asteroid hin.